La Luxembourgeoise (Finanzgesellschaft)

Vu Wikipedia

La Luxembourgeoise S.A. ass eng lëtzebuergesch Société anonyme där hir Haaptaktivitéit zanter 1989 dora besteet, 60 Prozent vum Kapital vun de Versécherungsgesellschafte La Luxembourgeoise Société Anonyme d'Assurances a La Luxembourgeoise-Vie Société Anonyme d'Assurances ze halen. Déi 40 aner Prozent an de Versécherungsgesellschafte ginn zanter 1989 vun der Spuerkeess gehalen.

La Luxembourgeoise S.A. huet awer och e méi breede Participatiouns-Portefeuille, an deem ënner anerem 15 Prozent vun der BIP Investment Partners leien.[1]

D'Aktionäre vu La Luxembourgeoise S.A. sinn d'Grënner-Famille vun der Versécherungsgesellschaft, déi 1920 gegrënnt ginn ass. D'Initiativ hat deemools de fréiere Staatsminister Hubert Loutsch, deen éischte President gouf. Aner Grënner waren déi fréier Ministeren Edmond Reiffers, Guillaume Soisson a Jean-Baptiste Sax zesumme mat enger Rei Deputéiert a Buergermeeschteren aus dem ländleche Raum, zemools aus der Géigend ëm Riedgen. Bei de Grënner war och de spéidere Minister Aloyse Hentgen, deem seng Nokomme bis haut d'Grupp leeden. D'Aktionariat vun der Luxembourgeoise gouf an den 1970er, wéi d'Gesellschaft Verloschter gemaach huet, restrukturéiert. D'Kapital ass awer weider an den Hänn vu Privatleit a Famille bliwwen déi zanter der Grënnung dobäi sinn. D'Luxembourgeoise hat sou am Joer 2011 iwwer 300 Aktionären.[2]

De 6. Mee 2011 huet d'Gesellschaft hiren Numm a Compagnie Financière La Luxembourgeoise geännert. D'Kapital, dat duerch 10.000 Aktië representéiert ass, gouf duerch d'Ëmwandele vu Reserven op 100 Milliounen Euro eropgesat.[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. BIP Investment Partners: "Charte de Gouvernance d'Entreprise", version du 4 décembre 2009 (http://www.bip.lu/downloads/charte_gouvernance_20091204.pdf)
  2. Le Quotidien: "Fiers d'être restés une entreprise familiale", Interview vun der Geneviève Montaigu mam Pit Hentgen, 7. November 2011, S. 2
  3. http://www.etat.lu/memorial/memorial/2011/C/Html/1753/2011071287.html