Compagnie des Chemins de fer du Nord

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Gare du Nord zu Paräis


D'Compagnie des Chemins de fer du Nord och dacks nëmmen Compagnie du Nord genannt war eng Eisebunnsgesellschaft déi am September 1845 zu Paräis gegrënnt gouf. Si huet de Gesellschaften de Rothschild Frères a Frankräich, an N M Rothschild & Sons vu London gehéiert.

De Barong James de Rothschild war den éischte President vun der Gesellschaft bis zu sengem Doud 1868.

Vun der Gare du Nord aus si Linnen a Richtung Äermelkanal gebaut ginn, fir d'éischt 1846, bis op Douai an op Lille. 1847 koumen d'Linnen op Amiens a Valenciennes derbai an déi an d'Belsch op Courtrai a Ghent. 1848 goufen d'Strecke Boulogne-sur-Mer a Saint Quentin opgemaach.

1937 gouf d'Gesellschaft verstaatlecht an ass vun der Société Nationale des Chemins de fer Français (SNCF) iwwerholl ginn.


Fréier Eisebunnscompagnien déi haut zur Société Nationale des Chemins de fer Français gehéieren:


CF de l'Est | CF de l'État|(CF de l'Ouest) | CF du Nord | CF PLM | PO-Midi (CF PO a CF du Midi)

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen