Compagnie des chemins de fer Prince-Henri

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gesellschaft déi vun 1869 bis 1877 bestanen huet. Fir d'Nofollgergesellschaft (1877 bis 1940), kuckt wgl. Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri.
Aktie kuerz no der Nummännerung vun 1873

D'Compagnie des chemins de fer Prince-Henri (PH) war vun 1869 bis 1877 eng Eisebunnsgesellschaft déi zu Lëtzebuerg Niewestrecke bedriwwen huet.

Si gouf den 28. Abrëll 1869 vun der belscher Société anonyme des chemins de fer des bassins houillers du Hainaut gegrënnt, déi bal 99 % vun den Aktie gehalen huet. De Rescht vun den Aktie war an den Hänn vu 15 Privatpersounen. Den 10. Mee dat selwecht Joer gouf se autoriséiert fir sech geschäftlech néierzeloossen.

Si krut duerch en Apport vun hirem Haaptaktionär Minnekonzessiounen a 5 zougestane Eisebunnslinnen iwwerdroen[1],[2]:

Den 3. Oktober 1873 beschléisst se hiren Numm a Compagnie royale grand-ducale des chemins de fer Prince-Henri ze änneren[3]. Si huet domat den hollännesche Prënz Hari geéiert, deen zu där Zäit Prince-lieutenant vu Lëtzebuerg war.

Wéi se 1877 a Faillite gaangen ass, do sinn hir Konzessioune vun der Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri iwwerholl ginn, déi d'Ofkierzung "PH" weidergefouert huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gesetz vum 19. Mäerz 1869 iwwer d'Konzessioun vum Eisebunnsreseau Prince-Henri
  2. Mémorial A N° 16 vum 11. Juli 1871 Artikel 7 vun de Statute vum PH
  3. Arrêté royal grand-ducal vum 3. November 1873 dee verschidde Statutenännerunge vun der PH approuvéiert