Computerspill
| Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Computerspill ass eng nei Zort vu Spiller, déi an den 1950er entstan sinn, a sech lues a lues géint déi klassesch Form vu Spiller (Kaartespiller, Brietspiller...) duerchgesat hunn. Zu deenen éischte Computerspiller zielen OXO (1952), Tennis for Two (1958), Spacewar (1962) oder Pong (1972).
Zu Lëtzebuerg haten d'Computerspiller virun allem bei deene jonke Leit immens vill Succès. Spillkonsole wéi déi vun Atari (an den 1970er), mä besonnesch déi éischt Heemcomputere wéi de Commodore 64 an dono den Amiga 500 (an den 1980er a fréien 1990er) hu vill zur Verbreedung vun der Computerspillkultur zu Lëtzebuerg bäigedroen. Mat den ëmmer méi staarke PCe goufen d'Computerspiller och ëmmer méi sophistikéiert an et hu sech esou och mat der Zäit Fan-Gruppe vu verschiddene Spiller forméiert, déi sech op LAN-Partyen treffen, fir do géintenaner unzetrieden.
Uganks 2000 sinn déi éischt LAN-Partyen hei zu Lëtzebuerg organiséiert ginn, déi an der Tëschenzäit ëmmer méi grouss a populär ginn.
Trotz dem grousse Succès vun de Computerspiller goufe sou gutt wéi keng Computerspiller vu Lëtzebuerger selwer entwéckelt. Dacks huet et um techneschen Know-How gefeelt, oder un de finanzielle Méiglechkeete fir Computerspill-Iddien ze kommerzialiséieren. Duerch den Internet a virun allem mat der Flash-Technologie vun Macromedia gouf et ëmmer méi einfach, kleng Computerspiller gratis an den Internet ze setzen.
Iwwert dee Wee huet de Jérôme Lulling 2002 d'Computerspill Comboling am Internet lancéiert, dat op déi einfach Iddi opgebaut ass, Quadraten mateneen ze verbannen.
Um Spaweck [änneren]
- Comboling - e lëtzebuergescht Computerspill (2002-2005)
- Comboling Rezensioun Jay Bibby - Rochester, NY - USA (2005)
- videogames.lu - eng lëtzebuergesch Säit iwwer Computerspiller
| Commons: Video games – Biller, Videoen oder Audiodateien |