Concord Coach

Vu Wikipedia

D'Concord Coach ass déi typesch Rees- a Postkutsch aus Nordamerika. Et ass eng Kutsch déi sech ervirdeet duerch eng robust Bauweis.

D'Form vun der Këscht ass vun där vun de Berlinen ofgeleet, an huet e schëffsfërmegt Profil, dat breet zu de Säiten ausgebaut ass, fir den Interieur an deem fir néng Passagéier Plaz ass, ze vergréisseren.

D'Fënstere gi mat Ridoen aus Lieder zougemaach, a si hunn, mat Ausnam vun deene vun den Dieren, keng Verglasung.

Den Train ass e rebusten Ensembel, deen aus Kanthëlzer mat grousse Sektiounen zesummegebaut ass, meeschtens aus Eechen - Ulmen- oder Eschenholz.

D'Bänner vun de Rieder sinn aussergewéinlech déck, an de viischten an hënneschten Train gi vun dräi paralelle Laangbeem zesummegehalen. Kutsch huet keng Ressorten, déi hätte mat deem Material dat déizät zur Verfügung stoung, op de schlechte Weeër net duergehalen. Fir eng eenegermoosse Fiederung ze hunn, hänkt d'Këscht a Soupenten. Dat si bis zu aacht Zentimeter déck Liederrimmer, déi tëscht dem viischten an hënneschten Train gespaant sinn.

Den Numm huet d'Kutsch vun der Stad Concord am New Hampshire, wou déi éischt 1826 vum Lewis Downing a sengem Associé Stephens Abbot gebaut goufen.

Biblographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Sallmann Robert, Kutschen Lexikon. Frauenfeld: Uber, 1994
  • Dunlop, Les Chariots de l'Ouest. Paris: Librairie des Champs-Élysées, 1979
  • Wheeling Ken, The Abbot-Downing and Company Famous "30". The Carriage Journal 2002
  • Voitures hippomobiles


Kutschemodeller

CabrioletChar-à-BancsConcord CoachCoupé RockawayMalle-posteOmnibusPark dragRoof Seat BreakSkeleton-Tandem-CartSulkyWagonette-tonneau
Kuckt och: SchwunnenhalsgestellÀ la d'AumontFiaker