Concours littéraire national 2011

Vu Wikipedia

De Concours littéraire national 2011, dee wéi déi Jore virdru vum Kulturministère organiséiert gouf, huet sech 2011 ëm Gedichter gedréit.

Den 1. Präis goung un den Tom Hengen fir säi Reccueil Explorations in C, deen 2. un d'Ulrike Bail fir hir Sterbezettel, an deen 3. un d'Dana Rufolo fir Joyn: A Marriage Made in Megaheaven. D'Daroslaw Kurowski fir Mit exakter Ungenauigkeit an d'Carla Lucarelli fir Lyrikfetzen mit Hund und Dame kruten eng Spezialmentioun. [1]

De Luc van den Bossche krut de Jugendpräis fir Syzygies, an an där Kategorie gouf et weider dräi Spezialmentioune fir d'Catia Moulin (Crépuscule d'été), d'Anouk Sauer (Vibrations contagieuses) an d'Carole Meyer (Une âme abandonnée sur une plaque de béton).[1]

De Jury huet sech, ënner der Presidence vum Lambert Schlechter, zesummegesat aus Anne-Marie Reuter, Josiane Weber, Laurent Fels a Jean Portante.).[1]

Matmaache konnten all Auteuren, déi Lëtzebuerger sinn, oder am Land wunnen, déi bis den 11. Juli 2011 ee Manuskript, dat nach net verëffentlecht gouf, anonym agereecht haten, an dat op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch huet misse geschriwwe sinn.[2]

D'Präissiwwerreechung war den 8. Dezember 2011.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 "Nationale Literatur-Concours: 1. Präis fir Tom Hengen." RTL.lu - 15.11.2011, 11:37 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.11.2011, 11:53.
  2. Communiqué: Concours littéraire national. gouvernement.lu, 28-10-2010.