Congé fir e Mord

Vu Wikipedia
Congé fir e Mord
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 1983
Dauer 110 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Paul Scheuer
Dréibuch Maisy Hausemer
Paul Scheuer
Fotografie Georges Fautsch
Produktiouns-
gesellschaft
AFO-Film
Schauspiller
Josiane Peiffer als Renée-Anne Lamesch
Paul Scheuer als Henri Lamesch
Misch Bock als Bernard Huberty
Ranga Yogeshwar als Raman
Gaston Leiner als Paschtouer
Eugene Plein als den Dirigent
Marie-Christine Faber als Lisa
Henri Losch als de President
Victor Weydert als de Buergermeeschter
Alain Meyer als de Verdeedeger
Robert Bohnert als de Substitut
Edouard Schmitz als den Affekot
Sanny Urbing als d'Wiertsfra
Albert Toussing als de Bankbeamten.
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Congé fir e Mord ass e lëtzebuergesche Film vum Paul Scheuer, deen de 16. Dezember 1983 seng Première hat.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Den Här Huberty wëll sech en Observatoire baue loosse well hien un Astronomie intresséiert ass. Den Apdikter Henri Lamesch aus dem Duerf ass mat dem Här Huberty senger Niess bestuet. Den Här an d'Madame Lamesch fäerten, datt dem Monni seng Suen all bei dem Projet vum Observatoire dropginn, an datt si als eenzeg Ierwen nom Monni sengem Doud eidel ausginn. Dunn hunn den Här Apdikter an d'Madame eng Iddi, se wëllen de Monni ëmbréngen...

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Film ass a 16mm gedréint an hat e Budget vun nëmmen 1,7 Millioune Lëtzebuerger Frang. Als éischte Film op Lëtzebuergesch ass en an engem "richtege" Kino (dem Utopia) gelaf, ier en op Tournée uechter d'Land goung.[1] Et war laang dee lëtzebuergesche Film mat deene meeschte Spectateuren: Dem CNA no gouf e vun am Ganze 50.056[2], respektiv 42.619[3] Leit gesinn. Eréischt 2018 huet De Superjhemp retörns dee Rekord gebrach.

Zitat aus der geschriwwener Press[änneren | Quelltext änneren]

Luxemburger Wort, 30. Dezember 1983:

"Congé fir e Mord" ist ein technisch einwandfreies Werk talentierter Filmemacher, die der vielgeschmähten Bezeichnung "Filmamateur" eine andere Bedeutung gegeben haben.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Le cinéma et la télévision au Luxembourg. Ministère des Affaire culturelles, 1988.
  2. "Box office films luxembourgeois 1981-2012" op cna.public.lu (gekuckt:2013-01-19
  3. "Le top 100 des productions et coproductions luxembourgeroises." op cna.public.lu, 12-06-2018.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]