Congrès national (Belsch)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Congrès national war déi éischt assemblée législative vun der Belsch.

Dëst éischt Parlament gouf den 3. November 1830 gewielt, also kuerz no der belscher Revolutioun.

Si gouf nom steierleche Walmodus an nom kapassitäre Walmodus gewielt. Et haten ongeféier drëssegdausend Wieler hir Stëmm ofginn.

D'Parlament huet aus enger Chamber bestanen.

De Congrès national huet déi Belsch Konstitutioun guttgeheescht, déi eng Spezialkommissioun virdrun ausgeschafft hat, an huet als Regime d' Konstitutionell Monarchie bestëmmt.

Fir duerno den éischte Kinnek vun de Belschen ze wielen ass am Ganze véiermol ofgestëmmt ginn, bis de Léopold vu Sachsen-Coburg-Gotha definitiv gewielt war.

D'Membere vum belschen Nationalkongress hunn de jonke Prënz Louis vun Orléans, Herzog vun Nemours gewielt, mä deem säi Papp, de Louis-Philippe I., war dogéint, datt säi Jong sollt Herrscher an der Belsch ginn: hie wousst, datt dat fir England an aner europäesch Muechten net a Fro kéim.

Den Eugène Prënz vu Ligne den och gefrot gi war, hat dës Offer och net ugeholl. (Den Eugéne de Ligne war e Virgänger vum Antoine de Ligne, Mann vun der Prinzessin Alix vu Lëtzebuerg.)

Déi verschidde Walgäng[änneren | Quelltext änneren]

Éischte Walgang[änneren | Quelltext änneren]

1° Louis vun Orléans, (89 Stëmme vun 191)
August, Herzog vu Leuchtenberg (67 Stëmmen),
Charles-Louis Äerzherzog vun Éisträich (leschte General-Gouverneur vun den éisträicheschen Nidderlanden) (35 Stëmmen)

Zweete Walgang[änneren | Quelltext änneren]

Den zweete Walgang war den 3. Februar 1831 mat folgendem Resutat:

1° Louis vun Orléans, (97 Stëmme vun 192),
2° August vu Leuchtenberg (74 Stëmmen),
3° Charles-Louis vun Éisträich (21 Stëmmen).

Drëtte Walgang[änneren | Quelltext änneren]

Am drëtte Walgang gouf provisoresch e Regent bestëmmt.

Doduerch gouf de Barong Érasme-Louis Surlet de Chokier fir eng kuerz Zäit den éischten offizielle Staatschef vun der Belsch.

Véierte Walgang[änneren | Quelltext änneren]

Am véierte Walgang de 4. Juni 1831 gouf definitiv de Léopold vu Sachsen-Coburg-Gotha, dee grad drop verzicht hat, Kinnek vun den Hellenen (vgl. Griicheland) ze ginn, zum Kinnek vun de Belsch gemaach. De Leopold I. gouf den 21. Juli 1831 offiziell a seng kinneglech Funktiounen ageféiert. Dëst Evenement gëtt all Joer um Nationalfeierdag, den 21. Juli, gefeiert.

Den 9. Juni 1831, huet de Congrès national den Traité vun den XVIII Artikelen ugeholl.

Den 29. August 1831, gouf de Congrès national opgeléist an duerch de frësch gewielte Parlement fédéral belge ersat.

D'Lëtzebuerger am Congrès national[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]