Congrégation du Sacré-Cœur

Vu Wikipedia

D'Congrégation du Sacré-Cœur (laténgesch: Congregatio Sacratissimi Cordis Iesu), och nach no hirem Grënner Pères de Timon David genannt, ass e kathoulesche Männeruerden.

De Joseph Marie Timon-David hat zu Marseille e Jugendwierk opgebaut und hat den Äerzbëschof vu senger Diözees den Eugène de Mazenod ëm Hëllef gefrot. Dësen huet hien dunn opgefuerdert, eng eegen Uerdensgemeinschaft ze grënnen, wat dunn 1852 geschitt ass. Bis haut ass de Sëtz zu Marseille. Déi kleng Uerdengemeinschaft hat 2002 38 Memberen, dovun 32 geweit Geeschtlecher.