Conroy

Vu Wikipedia
Conroy
Den Dall vum Conroy südlech vun der Ferme du Moulin de Moyeuvre
Längt 20,9 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Quell
Plaz Boulange
Héicht 315 m
Koordinaten 49° 22’ 53’’ N
      05° 57’ 33’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Orne
Plaz Moyeuvre-Grande
Héicht 170 m
Koordinaten 49° 14’ 47.5’’ N
      06° 02’ 59’’ O
Haaptnieweflëss Fosse au Diable - Chevillon
Geographie
Land Frankräich
Uertschaften Boulange, Fontoy
Moyeuvre-Petite
Moyeuvre-Grande

De Conroy ass eng Baach a Frankräich am Museldepartement an op der Grenz mat der Meurthe-et-Moselle an der Regioun Grand Est. Si entsteet bei Boulange aus dem Zesummelaf vun e puer Grief, wouvun dee wichtegste seng Quell ëstlech vu Boulange huet. A sengem ieweschte Laf heescht de Conroy och nach Ruisseau de Boulange.

Et ass e lénksen Niewefloss vun der Orne a gehéiert deemno zum Anzuchsgebit vun der Musel an doriwwer eraus zu deem vum Rhäin.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Conroy huet seng Quell net wäit vun der Cité de la Mine tëscht Boulange an der Gare vu Boulange. Vun do leeft en zum gréissten Deel no Süden, fir dann nodeem en ënner der Eisebunnsstreck Lille - Diddenuewen erduerch ass, no Osten an Direktioun Fontoy ze dréinen. Wéi vill Baachen um Loutrenger Plateau versickert d'Baach nërdlech vum Bois l'Abbé zweemol hannerenee fir dann erëm e bësselche westlech vu Fontoy um Flouer Moderwiese definitiv uewerierdesch wiederzelafen. Se dréint do op enger kuerzer Streck no Westen, an nodeem se vun der Fosse au Diable gefiddert gouf, geet et ënner der Departementale N°58 erduerch an engem schmuelen Dall duerch de Staatsbësch vu Moyeuvre a Richtung Süde weider. Op Héicht vun der fréierer Mine du Conroy bilt en dann op enger Streck vu ronn 6 km d'Departementsgrenz bis op de de Lieu-dit Fond de la Marche bei Moyeuvre-Petite. Op där Streck kritt se hiren zweeten Niewefloss de Chevillon vu riets bäi. Vun der Source du Pérotin enger fréierer Thermalquell déi och op der Departementsgrenz läit, kritt se keng Drëps méi, well déi net méi leeft. Iwwer Moyeuvre-Petite geet et da weider op Moyeuvre-Grande, wou s'an d'Orne leeft.

Dem Conroy säi Regime ass pluvial, wat mat sech bréngt datt en ausser de Plaze wou e wéinst dem karstegen Ënnergrond versickert a Resurgenze bilt, och soss am ieweschte Laf an dréchnen Zäiten net vill bis guer kee Waasser féiert. Dat war awer net ëmmer sou, wéi déi zwou fréier Mille vu Boulange bezeien.

Zwou aner Mille stinn um ënneschte Laf an zwar de Moulin de Pérotin bei Neufchef, an de Moulin de la Frapouille bei Moyeuvre.

Biller dem Laf no vun uewen no ënnen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Conroy – Biller, Videoen oder Audiodateien