Conseil de presse

Vu Wikipedia

De Conseil de Presse, oder op Lëtzebuergesch de Presserot, ass eng Daachorganisatioun vun de Medien zu Lëtzebuerg. En ass 1979 mam Zil gegrënnt ginn, de Beruff vum Journalist unz'erkennen an ze schützen[1].

Struktur[änneren | Quelltext änneren]

De Presserot gouf mam Gesetz vum 20. Dezember 1979 an d'Liewe geruff[2]. D'Membere si Journalisten an Editeuren[1].

En huet säi Sëtz an der Maison de la presse um Krautmaart, vis-à-vis vun der Chamber.

De President ass de Roger Infalt. Déi Éischt Fra op där Plaz war tëscht 2008 an 2010 d'Danièle Fonck[3].

Aufgaben[änneren | Quelltext änneren]

D'Aufgabe vum Lëtzebuerger Presserot sinn d'Ausstellen an d'Anzéie vun de Pressekaarten an d'Weiderbildung vun de Journalisten, souwéi d'Autoreguléierung vun der Mediebranche duerch d'Applikatioun vun engem Deontologieskodex. De Presserot ënnersicht och op Wonsch vun der Regierung Froen, déi d'Meenungsfräiheet an de Medie betreffen[1].

Donieft gëtt et eng Kommissioun, bei där sech Privatleit beschwéiere kënnen, wa si vun Informatioune betraff sinn, déi an der geschriwwener Press oder audiovisuelle Medie presentéiert ginn[1].

Presidente vum Conseil de presse[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Offizielt Portal vum Groussherzogtum Lëtzebuerg: Institutions et organismes des médias (gekuckt den 18. Februar 2018)
  2. Legilux: oi du 20 décembre 1979 relative à la reconnaissance et à la protection du titre professionnel de journaliste.
  3. Biographie op paperjam.lu (gekuckt den 20. Februar 2018)