Conseil vun der Europäescher Unioun

Vu Wikipedia

De Conseil ass déi wichtegst Decisiounsinstanz vun der Europäescher Unioun. Hien ass et, deen (an de meeschte Fäll) zesumme mam Europäesche Parlament d'Reglementer an Direktiven unhëlt, déi dann an alle Memberstaate gëllen, respektiv mussen an nationaalt Recht transposéiert ginn.

D'Justus-Lipsius-Gebai zu Bréissel

De Conseil representéiert d'Memberstaate vun der EU doduerch, datt hei d'Ministeren aus de nationale Regierunge vun de Memberslänner beienee kommen. Et sinn ëmmer déi Ministeren, déi fir deen Dossier responsabel sinn, iwwer deen et ze decidéiere gëtt: geet et zum Beispill ëm eng Direktiv aus dem Ëmweltberäich, sinn et déi 27 Ëmweltministeren, déi am "Ëmweltconseil" doriwwer ofstëmmen.

Et gëtt am Ganzen néng Zesummesetzungen, an deenen de Conseil zesumme ka kommen:

  • Allgemeng Affären an Aussebezéiungen;
  • Wirtschafts- a Finanzaffären ("ECOFIN");
  • Justiz a Bannenzeg Affären;
  • Beschäftegung, Sozialpolitik, Gesondheet a Konsumenteschutz;
  • Kompetitivitéit (Bannemaart, Industrie A Recherche);
  • Transport, Telekommunikatiounen an Energie;
  • Landwirtschaft a Fëscherei;
  • Ëmwelt;
  • Bildung, Jugend a Kultur.

All Minister schwätzt am Numm vu senger Regierung, an ass viru sengem nationale Parlament dofir verantwortlech, wat en am Conseil mécht. Et kënnt nawell vir, datt Ministeren doheem vun Direktive schwätzen, déi "Bréissel" decidéiert huet, an dobäi gär "vergiessen", datt si selwer dës Decisioun matgedroen hunn.

Seng Pouvoiren[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

De Conseil erfëllt sechs fundamental Funktiounen:

  1. En adoptéiert europäesch Gesetzer (Direktiven a Reglementer), déi d'Europäesch Kommissioun proposéiert huet, an deene meeschte Fäll zesumme mam Europäesche Parlament;
  2. E koordinéiert d'Orientéierunge vun de Wirtschaftspolitike vun de Memberslänner;
  3. En ënnerschreift international Accorden tëscht der EU an engem oder méi Drëttstaaten oder internationalen Organisatiounen;
  4. Zesumme mam Europäesche Parlament heescht en de Budget vun der EU gutt;
  5. E leet d'Gemeinsam Europäesch Aussen- a Sécherheetspolitik (och nom franséischen Akronym PESC genannt) fest.
  6. E koordinéiert d'Zesummenaarbecht tëscht Justizinstanzen a Police vun de Memberslänner bei Saachen, déi mam Strofrecht ze dinn hunn.

Déi véier éischt Responsabilitéite betreffe "communautaire" Sujeten, d. h. déijéineg, bei deenen d'Memberstaaten hir Souveränitéit doriwwer zesummegeluecht an den Institutioune vun der EU iwwerdroen hunn. Et seet een och alt "éischte Pillier" dozou.
Déi zwou lescht nennt een "zweeten" an "drëtte Pillier" vun der EU. Heibäi handelt et sech ëm Domainen, bei deenen d'Memberstaate weiderhin d'Soen hunn, mä tëschteneen ("inter-gouvernemental") zesummeschaffen. Beim zweete Pillier ass dat z. B. en Arméikontingent vu 60.000 Leit, déi bannent kuerzer Zäit aus den nationalen Arméien zesummegezu ka ginn, fir a Krisegebitter geschéckt kënnen ze ginn. Deen drëtte betrëfft virun allem Zesummenaarbecht an Informatiounsaustausch bei Schwéierkriminalitéit, Drogenhandel, Geldwäscherei, Terrorissem, asw. Dës zwee Piliere sinn nach am Opbau.

Seng Aarbechtsweis[änneren | Quelltext änneren]

De Conseil huet säi Sëtz zu Bréissel, am Justus-Lipsius-Gebai um Rond-point-Schuman, vis-à-vis vun der Europäescher Kommissioun. D'Ministere kommen do 9 Méint am Joer zesummen. Am Abrëll, Juni an Oktober hu se hir Reuniounen zu Lëtzebuerg.

All Memberstaat huet zu Bréissel eng permanent Ekipp ("Representatioun"), mat un der Spëtzt dem Ambassadeur bei der EU, déi seng Interesse verdeedegt.

Dës Ambassadeure kommen all Woch am COREPER ("Comité des Représentants Permanents") zesummen, fir dem Conseil zouzeschaffen an d'Decisiounen déi en hëlt, ze preparéieren.

Fir datt kee Land sech soll vun engem anere bevirdeelegt villen, ännert dem Conseil seng Presidence all 6 Méint.

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Tëscht 2008 an 2009 hunn d'Presidence:[änneren | Quelltext änneren]

Dat heescht zum Beispill datt, wann am Hierscht 2008 d'Ëmweltministeren zesummekommen, de franséischen Ëmweltminister de Virsëtz huet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun.


Stëmme pro Memberland[änneren | Quelltext änneren]

Am Conseil gëtt ofgestëmmt. Dobäi huet e Land ëm sou méi Stëmme, wat et méi grouss ass, woubäi d'Gewiichtung liicht zu Gonschte vun deene méi klenge Länner geet.

Vum 1. Januar 2005 u sinn d'Stëmme sou verdeelt:

Fir datt eng Propositioun ugeholl gëtt brauch se meeschtens eng "qualifizéiert Majoritéit". Dës ass dann erreecht, wann op d'mannst d'Hallschent (heiansdo och zwee Drëttel) vun de Memberlänner dofir sinn an op d'mannst 232 Stëmmen zesummekommen (déi och nach 62% vun der EU-Populatioun musse representéieren).

Heiansdo, bei méi kriddelege Beräicher, wéi der Baussen- a Sécherheetspolitik, der Steierpolitik oder der Asyl- an Immigratiounspolitik, ass Unanimitéit gefrot; all 27 Länner mussen d'accord sinn. Dat heescht ëmgedréint, datt an dëse Beräicher all eenzele Memberstaat e Vetos-Recht huet.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Conseil vun der Europäescher Unioun däerf net verwiesselt gi mam Europäesche Conseil, d. h. dem Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen, dee véiermol am Joer gehale gëtt fir déi "grouss" europäesch Theemen ze beschwätzen.

Och net ze verwiesselen ass e mam Europarot (op Franséisch: Conseil de l'Europe), dee säi Sëtz zu Stroossbuerg huet, an deen näischt direkt mat der EU ze dinn huet, mä eng international Organisatioun ass, där hir Memberschaft wäit doriwwer erausgeet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.
Commons: Conseil vun der Europäescher Unioun – Biller, Videoen oder Audiodateien