Consenvoye

Vu Wikipedia
Consenvoye
Déi fréier Gare vu Consenvoye

Déi fréier Gare vu Consenvoye
Déi fréier Gare vu Consenvoye
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meuse
Arrondissement Verdun
Kanton Clermont-en-Argonne
Koordinaten 49° 17’ 16’’ N
      05° 17’ 12’’ O
Fläch  1.585 ha
Bevëlkerung  286 (1999)
Schleis um Canal de l'Est

Schleis um Canal de l'Est
Schleis um Canal de l'Est

Consenvoye ass eng franséisch Gemeng am Departement Meuse an der Regioun Grand Est.

Consenvoye läit um rietsen Uwänner vun der Meuse a vum Canal de la Meuse. Zu Consenvoye ass och eng Schleis vum Kanal.

D'Uertschaft déi net wäit vun de Fronten am Éischte Weltkrich war, gouf duerch Bombardementer schwéier beschiedegt, an nom Krich als Zone Rouge deklaréiert. Well awer d'Méiglechkeet bestoung fir de Buedem ze sanéieren, gouf alles an deem Sënn ënnerholl, an d'Terraine goufen net wéi op den anere Plazen an der Zone rouge mat Bëscher ugeplanzt. Fir der Landwirtschaft erëm op d'Spréng ze hëllefen, gouf eng industriell Schwéngsziichterei gebaut, déi éischt a ganz Frankräich.

Déi fréier Gare gouf komplett restauréiert an een Deel vun der Streck ass op, fir mat Pedalosdraisinnen driwwer ze fueren.

Zu Consenvoye gëtt et e Camping, deen zu engem groussen Deel vu Lëtzebuerger besat ass. D'Ursaach dofir ass, well d'Meuse op der Streck vu Consenvoye bis op Dun e beléift Fëschrevéier ass.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Consenvoye – Biller, Videoen oder Audiodateien