Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'8"N, 6°6'25"O
Datum vum Bau 1906

De Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg (fr: Conservatoire de la Ville de Luxembourg) ass eng Museksschoul zu Märel.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Eugénie Dutreux-Pescatore
Erënnerungsplack am Conservatoire.

Duerch e Gesetz vum 22. Mee 1902, dat d'Schafe vun engem Museksconservatoire an der Stad Lëtzebuerg betraff huet, an dem Arrêté Grand-Ducal dozou vum 11. Mäerz 1904 gouf de legale Kader fir de Conservatoire gesat. Ma eréischt 1906 gouf de Conservatoire gegrënnt, an dat mat Hëllef vun engerm Don vun der Madame Eugénie Dutreux-Pescatore. D'Gebai war domols an der rue du St. Esprit 14-16, am fréiere Refuge vun der Abtei Orval, a war grouss genuch fir ongeféier 300 bis 400 Schüler. Den éischten Direkter war de Belsch Victor Vreuls.

Nom Zweete Weltkrich ass d'Zuel vun de Schüler an d'Luucht gaangen, a schonn an der Mëtt vun den 1960er Jore gouf dovu geschwat, a méi grouss Raimlechkeeten ze plënneren, mä et sollt bis 1984 daueren, bis an dat neit Gebai um Geesseknäppchen geplënnert konnt ginn.

Dëse Gebaierkomplex (dee, wéi säi Virgänger, de Spëtznumm Quatsch huet) ass vun den Architekte Robert Heintz-Sturm a Conny Lentz, dt-8 Planungsgruppe a Büro Bussmann & Haberer. De Concerts-Sall huet eng Westenfelder-Uergel.

2021 ginn eng 3.800 Elèven an de Consevatoire. 170 Enseignante ginn do ronn 7.000 Coursen d'Woch. Direkter ass zanter dem 1. September 2011 de Marc Meyers.[1] Virdru war dat 16 Joer laang de Fernand Jung.

Direkteren[2][änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • 100e anniversaire du Conservatoire de Musique de la Ville de Luxembourg. Luxembourg 2006.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "De Conservatoire gëtt an Zukunft vum Marc Meyers geleet." rtl.lu - 01.09.2011, 14:40 - Fir d'lescht aktualiséiert: 01.09.2011, 15:13.
  2. Beck, Henry, Josy Hamer, Le Conservatoire de la Ville de Luxembourg et ses directeurs, in: Ons Stad Nr 65, 2000, Ss 12-16