Constantia

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gebai vum Komplex Groot Constantia

Constantia ass e südlech geleeëne Faubourg vun der Südafrikanescher Stad Kapstad. Et ass bekannt wéinst senge Wäigebidder a läit am Oste vum Tafelbierg. Op Constantia kommen normalerweis d'Touristen, wann se en Ausfluch iwwer d'südafrikanesch Wäiroute machen. Nobäi leie bekannt Wäigebidder wéi Groot Constantia a Kleng Constantia. (Wäibau an Südafrika)

Groot Constantia[änneren | Quelltext änneren]

Simon van der Stel, den éischte Gouverneur vun der hollännescher Kapkolonie, hat op sengem 750 ha grousse Landgut Groot Constantia déi éischt Riewen ugeplanzt. De Wäin vu Constantia ass am 18. an 19. Joerhonnert héich geschat ginn, ënner anerem beim héijen Adel. Groot Constantia ka besicht ginn an ass e Gutt, dat duerch säin eegenartege Baustil opfält. D'Gebai aus dem Joer 1684 war 1925 verbrannt, mä ass, trei zu sengem Original, erëm opgebaut ginn. Et ass haut e Musée mat Tableauen, ale Miwwelen, Glas a Parzeläin.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]