Copernicus (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Copernicus
Koordinaten 9°37'17"N, 20°4'53"W
Duerchmiesser 96,07 km
Déift 3.800 m
Genannt no Nikolaus Kopernikus
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ11
De Moundkrater Copernicus
De Krater fotograféiert vun Apollo 12

De Copernicus (och Kopernikus geschriwwen) ass e grousse Moundkrater vum Typ Rankbierg, deen 1935 offiziell vun der IAU nom Astronom Nikolaus Kopernikus genannt gouf. Hien huet en Duerchmiesser vun 90–95 km.

Aussergewéinlech ass um Aschlagkrater, datt en net een, mä e puer Zentralbierger huet, déi bis zu 1,2 km héich sinn. De Kraterrand ass däitlech terrassefërmeg gegliddert a wéineg erodéiert, well en ee vun de jéngste Groussimpakten um Mound duerstellt. Wärend de Kraterbuedem ongeféier 3800 m méi déif wéi d'Ramplikämm läit, stinn déi ronn 900 Meter iwwer d'Flächen aus der Ëmgéigend eraus. Sou Héichtenënnerscheeder sinn zimmlech rar.

De Copernicus ass och – änlech wéi d'Krateren Tycho a Kepler – Ausgangspunkt vun engem Stralesystem, dat besonnesch bei Vollmound gutt ze gesinn ass.

Am Kader vum Apollo-Programm war de Rankbierg eng méiglech Plaz fir eng bemannt Moundlandung a koum fir d'Missioun Apollo 20 a méi eng enk Wal. Dëse Raumfluch gouf awer 1970 aus finanzielle Grënn ofgesot, ier eng Entscheedung getraff gouf.

D'Copernic-Period vun der lunarer Zäitskala gouf no dësem Krater genannt.

Niewekrateren[änneren | Quelltext änneren]

Copernicus Breetegrad Längtegrad Duerchmiesser
A 9.5° N 18.9° W 3 km
B 7.5° N 22.4° W 7 km
C 7.1° N 15.4° W 6 km
D 12.2° N 24.7° W 5 km
E 6.4° N 22.7° W 4 km
F 5.9° N 22.2° W 4 km
G 5.9° N 21.5° W 4 km
H 6.9° N 18.3° W 5 km
J 10.1° N 23.9° W 6 km
L 13.5° N 17.0° W 4 km
N 6.9° N 23.3° W 7 km
P 10.1° N 16.0° W 5 km
R 8.1° N 16.8° W 3 km

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Copernicus – Biller, Videoen oder Audiodateien