Cor Caroli

Vu Wikipedia
Duebelstär Cor Caroli
Numm α1,2 Canum Venaticorum
Stärebild: Canes Venatici
Daten
Rektaszensioun 12:56:01,7
Deklinatioun 38:19:06.0
Spektralklass: A0p / F0V
Gréissteklass 2,84-2,94 mag/5,6 mag
Distanz 110 ± 4 Lj
Liichtkraaft: 69,2 / 5,66* Sonn
Mass: 2 * Sonn / ?
Duerchmiesser: 4 * Sonn / ?
Radialvitess: ? / ?
Aner Bezeechnungen
ADS 8706
Bonner Duerchmusterung +39°2580
Bright Star Catalogue 4915/4914
CCDM 12560+3819
FK5 485
GC 17556/17557
Henry-Draper-Katalog 112413/112412
Hipparcos-Katalog HIP63125/HIP63121
SAO-Katalog 63256/63257
Tycho-Katalog TYC3021-2645-1/TYC3021-2646-1
Kaart vum Stärebild Canes Venatici (Juegdhënn)

De Cor Caroli, Häerz vum Charel, genannt zu Éiere vum Charles II., Kinnek vun England, ass den hellsten Duebelstär am Stärebild Canes Venatici. Den Haaptstär ass de Prototyp vun enger Klass mat verännerleche Stären, de sougenannten Alpha-Canum-Venaticorum-Stären. Alpha-Canum-Venaticorum-Stären hunn e staarkt Magnéitfeld, déi vergläichbar mat Sonneflecken, Stäreflecke vu risegem Ausmooss ausléist. Bedéngt duerch déi Flecke verännert sech d'Hellegkeit vun Alpha-Canum-Venaticorum-Stäre wärend hirer Rotatioun méi oder manner staark.

D'Hellegkeet vum Haaptstär vum Cor Caroli variéiert tëscht +2,84 mag a +2,94 mag mat enger Period vu 5,47 Deeg. De Spektraltyp vum Haaptstär ass A0.

De Begleetstär deen op engem Wénkelofstand vun 19,3" bei engem Positiounswénkel vun 224 Grad steet, ass vum Spektraltyp F0 a méi liichtschwaach. Seng Hellegkeet ass nëmme +5,5 mag.

De Cor Caroli ass ronn 110 Liichtjoer vun eis ewech (Hipparcos-Katalog).

Koordinaten (Equinoxe 2000)[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]