Corazón Aquino

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Corazon Aquino)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Corazon Aquino (1986)

D'Corazón ("Cory") Aquino, gebuer María Corazón Cojuangco de 25. Januar 1933 zu Paniqui (Provënz Tarlac) a gestuerwen den 1. August 2009 zu Makati City, war eng philippinesch Politikerin. Si war tëscht 1986 an 1992 den 11. President vun de Philippinen.

Politesch aktiv gouf d'Corazón Aquino, nodeems hire Mann, de Politiker a Géigner vum Ferdinand Marcos senger Diktatur, Benigno Aquino jr. 1983 ermuert gi war, wéi en aus der Verbannung hannescht op d'Philippine koum. Si war d'Spëtzekandidatin vun der Oppositioun bei de Presidentschaftsswale vun 1986 a gouf nom Opstand géint de Marcos wéinst Walfäschung, deen huet misse fortlafen, (als éischt Fra an deem Amt) Presidentin vun de Philippinen.

Hiren Nofolger war de Fidel Ramos. 2010 gouf hire Jong, de Benigno Aquino III., sengersäits zum President vun de Philippinen gewielt.

Commons: Corazon Aquino – Biller, Videoen oder Audiodateien