Corcovado (Brasilien)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Christusstatu um Corcovado
Vue op d'Buchte vu Rio an op den Zockerhutt mat vir der Christusstatu.
De Corcovado (lb.: de Bocklechen) ass e Bierg zu Rio de Janeiro, op deem ee vun den Erkennungszeeche vun der Stad, déi mam Sockel 38 Meter héich Christus-Statu Cristo Redentor, steet. Ënnendrënner läit den Tijuca-Nationalpark. De Corcovado ass 710 m héich an 't huet ee vun do, wann et net donsteg ass, eng spektakulär Vue iwwer Rio de Janeiro an d'Guanabara-Bucht.
Erop kënnt een wwer eng Serpentinestrooss oder mat enger Zännradbunn. Den Antonio Carlos Jobim huet dem Corcovado e Lidd mam selwechten Numm dediéiert.
Koordinaten:
22° 57’ 05’’ S 43° 12’ 39’’ W
| Commons: Corcovado – Biller, Videoen oder Audiodateien |