Cordula Trantow

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Cordula Trantow

D'Cordula Trantow, gebuer den 29. Dezember 1942 zu Berlin, ass eng däitsch Schauspillerin a Regisseurin.

Duerch hir Roll am Antikrichsfilm Die Brücke vum Bernhard Wicki ass d'Cordula Trantow bekannt ginn. Mat de Filmer Le passage du Rhin vum André Cayatte an An heiligen Wassern vum Alfred Weidemann hat si nach e gewësse Succès beim Film. Duerno huet si nach an dem US-amerikanesche Film Hitler vum Stuart Heisler d'Geli Raubal, dem Hitler seng Niess, gespillt.

Mat dem Film Das Schloss nom Wierk vum Franz Kafka huet si fir den Ament a Schlussstréch ënner hir Carrière beim Film gezunn.

Am Theater huet si duerno grousen Erfolleg sowuel als Schauspillerin wéi och als Regisseurin. Si ass zur gläicher Zäit nach vill bei der Televisioun beschäftegt. Si schafft och als Synchronspriecherin beim Film fir d'Schauspillerinnen Ali MacGraw, Claude Jade, Marie Versini, Sandrine Bonnaire an Dominique Sanda.

Si war bestuet mam däitsche Regisseur Rudolf Noelte.

Filmer [änneren]

Kino [änneren]

Televisoun (Auswiel) [änneren]

  • Bis in die Spitzen (2005) Serie
  • Bella Block - Hinter den Spiegeln (2004)
  • Und morgen geht die Sonne wieder auf (2000)
  • Mein Freund Harvey (1997)
  • Ein zauberhaftes Biest (1981) Serie
  • Kinder (1981)
  • Preußische Nacht (1981)
  • Tatort - Freund Gregor (1979)
  • Wo die Liebe hinfällt (1979) (TV)
  • Haus der Frauen (1977)
  • Die Ratten (1977)
  • Wie starb Dag Hammerskjöld? (1975)
  • Berlin, Keithstrasse 30 (1972) (Serie)
  • Dem Täter auf der Spur – Flugstunde (1971)
  • Der Kirschgarten (1970) (TV)
  • Rumpelstilz (1969)
  • Babeck (1968) Serie
  • Der zerbrochene Krug (1967)
  • Die Fliegen (1966)
  • Drei Schwestern (1966)
  • Maria Magdalene (1963)
  • Unsere kleine Stadt (1961)
  • Die Dame ist nicht fürs Feuer (1960)
  • Die Zeit und die Conways (1960)