Corinne Cahen

Vu Wikipedia
Corinne Cahen
Gebuer 16. Mee 1973
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
Universitéit vu Stroossbuerg
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun, Korrespondent
Partei Demokratesch Partei

D'Corinne Cahen, gebuer de 16. Mee 1973 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Geschäftsfra a Politikerin (DP).

Si war vum 5. Dezember 2018 bis de 14. Juni 2023 Ministesch fir Famill a fir d'Groussregioun an der Regierung Bettel-Schneider-Braz.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No der Primärschoul zu Bouneweg an dem Secondaire am Kolléisch huet si vun 1992 bis 1995 Humanwëssenschaften op der Universitéit zu Stroossbuerg studéiert wou se en Diplom a Friemsprooche krut. 1995-96 huet si hire Studium zu Nice weidergefouert. 1997 huet se e Journalismus-Studium op der Sorbonne zu Paräis gemaach.

Vun 1995 bis 2001 huet si fir RTL Radio Lëtzebuerg geschafft, fir d'éischt als Korrespondentin a Frankräich, duerno zu Lëtzebuerg. Vun 2001 bis 2004 huet se nëmmen nach als Freelance fir RTL geschafft well se vun 2001 un d'Schonggeschäft vun hirer Famill an der Stad gefouert huet[2]. Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf si an d'Chamber zréckgewielt.[3]

D'Corinne Cahen war vun 2008 bis 2012 Presidentin vum Stater Geschäftsverband. Ausserdeem war si Member vum Verwaltungsrot vun der Chambre de commerce[1]. Den 28. November 2015 ass si zur Presidentin vun der Demokratescher Partei gewielt ginn.

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 huet si op der Lëscht vun der DP am Walbezierk Zentrum kandidéiert a gouf an d'Chamber gewielt. Si huet awer op hiert Deputéiertemandat verzicht, fir an der Regierung Bettel-Schneider Ministesch fir Famill an Integratioun a Ministesch fir d'Groussregioun ze ginn. Bei de Wale vum 14. Oktober 2018 gouf si erëmgewielt[4] an huet nees op hiert Chambersmandat verzicht, fir an der Regierung Bettel-Schneider-Braz déi selwecht Portefeuillë wéi virdrun z'iwwerhuelen. Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf si an d'Chamber zréckgewielt.[5]

Vun 2015 bis 2022[6] war si Presidentin vun der Demokratescher Partei.

Bei de Gemengewalen 2023 huet d'Corinne Cahen an der Stad kandidéiert a gouf als Drëtt op der DP Lëscht gewielt. Si ass zanterhier Schäffin am Stater Gemengerot.[7] Fir hiert kommunaalt Mandat unzehuelen, huet si hire Ministeschposten opginn, deen doropshi vum Max Hahn iwwerholl gouf[8][9].

An hirer Jugend war d'Corinne Cahen, als éischt Fra, Presidentin vun der Jeunesse Israélite du Luxembourg.

Gielercher[10][änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Revue Nr. 4 vum 22. Januar 2014, S. 14-19: Coup de pouce - Porträt der Familienministerin Corinne Cahen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Corinne Cahen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Fiche "Corinne Cahen" op der Websäit vun der Chamber; chd.lu (gekuckt: 2013-11-18).
  2. "«Il ne suffit pas de râler»." Portrait op der Websäit vun der Chamber, chd.lu (gekuckt 2013-11-17-8).
  3. elections.public.lu.
  4. elections.lu.
  5. elections.public.lu.
  6. "De Lex Delles gëtt neie Parteipresident vun der DP." rtl.lu, 12.06.2022.
  7. (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (06.07.2023). Gekuckt de(n) 06.07.2023.
  8. (lb)Successioun vum Corinne Cahen: De Max Hahn gëtt neie Familljeminister. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2023-06-14.
  9. (fr)Arrêté grand-ducal du 15 juin 2023 accordant démission honorable à Madame Corinne Cahen, Ministre. data.legilux.public.lu (15.06.2023). Gekuckt de(n) 17.06.2023.
  10. (fr)Corinne Cahen | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2023-07-28.