Corse (Rannerrass)

Vu Wikipedia
Eng Kou vun der Rass Corse

D'Rass Corse ass eng franséisch Rannerrass.

Et ass eng Rannerrass déi haaptsächlech op Korsika gezillt gëtt an där hir Originnen net honnertprozenteg bekannt sinn. Se ass genealogesch net a Bicher festgehalen, mä d'Isolatioun vun der Insel huet et mat sech bruecht datt se sech am Laf vun de Joerhonnerten als homogeen Rass etabléiert huet. Se gläicht ganz staark anere Rassen déi eng Entwécklung op Insele matgemaach hunn, wéi d'Sarda op Sardinien an d'Mallorquina an d'Menorquina op de Balearen.

Am Joer 2001 gouf et op Korsika eng 28.000 Kéi, a ronn 1.300 Stéiere fir natierlech Befruchtung. Sechs Stéiere goufe fir kënschtlech Befruchtung gehalen.[1]. De Bestand ass stabil, an ongeféier 60 % vun de Kéi maache rengrasseg Kaalwer.

Si hunn am grousse Ganzen e roudelzege Pelz, mat Nuancen déi vum weessgiel iwwer gro bis käschtebrong kënne goen. Ënner der Panz si se dacks hell, d'Schläimhait sinn donkel, a gefleckt Béischte si ganz rar. D'Haren a Form vun enger Leier ginn héich gedroen.

Et ass eng kleng Rass déi net schwéier gëtt. D'Kou huet an der Moyenne eng Schëllerhéicht vun 1,15 m bei 280 kg, an de Stéier 1,20 m bei 350 kg.

D'Corse ass eng Fleeschrass, a gouf fréier och als Zuchbéischt gebraucht. Si gëtt net gestrach, an huet eng mëttelméisseg Mëllechproduktioun. Hir Mëllech geet just duer fir ee Kallef am Joer grousszezillen.

Qualitéiten[änneren | Quelltext änneren]

  • Si verdréit gutt héich Temperaturen.
  • Et ass e gudde Fudderverwäerter, d. h. si ka vun nierstoffaarme Planze liewen
  • Si kann no fudderaarmen Zäiten erëm séier hir Kierperreserven opbauen
  • Beim Kaalwen huet se keng Problemer, déi meescht Kaalwer kommen a fräier Natur op d'Welt
  • Et si gutt Mammendéieren

An de Bierger vu Korsika gëtt se an der renger Rass extensiv gezillt. D'Béischte lafe praktesch ganz fräi doruechter. An den Däller, wou d'Fudder méi liicht ze fannen ass, gëtt eng intensiv Zuucht bedriwwen, bei där Fleeschrasse mat méi engem héije Rendement mat agekräizt ginn, dacks Charolaise.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Corse (Rannerrass) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Beschreiwung vun der Zuucht Archivéiert op 2007-10-15. Gekuckt de(n) 2008-10-13.