Costa Concordia

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Costa Concordia
Costa Concordia 2.JPG
Technesch Donnéeën (Iwwerbléck)
Schëffstyp: Passagéierschëff
Asaz: Croisièren
Tonnage: 112000 BRT
Maschinnen: Dieselmotoren
Längt (i.W.): 290 m
Breet (i.W.): 36 m
Déifgang: 8m
Reesvitesse: 24 Kniet
Passagéierkapazitéit: 3788
Equipage: 1100
Baujoer: 2006
Bauwerft: Fincantieri
Pavillon: Italien
Decker: 17

D'Costa Concordia ass dat fréiert Flaggschëff vun der italienescher Reederei Costa Crocieri. Et ass dat éischt vun dräi bei der Werft Fincantieri bestallte Croisièresschëffer duerch d'Reederei Costa Crocieri (Genua) a war bei senger Ausliwwerung dat weltwäit sechstgréisst Croisièresschëff.

De faarwege Bannendesign orientéiert sech no de Länner vun Europa, no deenen och d'Decker genannt goufen. Den amerikaneschen Designer Joe Farcus huet wéi bei allen neie Costa Schëffer, zënter der Costa Atlantica, wéi och bei de meeschte Carnival-Schëffer, d'Bannenariichtung entworf.

De 15. Juli 2006 huet dëst neit, a mat 112.000 BRT, gréisste Schëff vun der Costa-Flott, déi éischt Croisière gemaach.

D'Costa Concordia ass den 13. Januar 2012 owes géint 22:00 Auer virun der italienescher Insel Giglio op Grond gelaf. Duerch massive Waasserabroch huet d'Schëff sech op d'Säit geluecht an d'Passagéier hu missen evacuéiert ginn. U Bord waren dee Moment ca. 4230 Mënschen, davun ongeféier 1000 Membere vun der Besatzung. Et gouf 32 Doudesaffer. Als Ursaach fir d'Accident gi Feeler vum Kapitän ugesinn.

Et ass geplangt d'Wrack nees opzeriichten an et bis September 2013 an en Hafen un der italienescher Festlandküst ze zéien fir et do ze verschrotten.

Inhaltsverzeechnes

Baugläich Schwësterschëffer [änneren]

Aner Schëffer vun der Flott [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Costa Concordia – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]

  1. grounding of the Costa Concordia; AIS-Visualiséierung. Quality Positioning Services BV (QPS)