Costa Cruises
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Costa Crociere S.p.A. ('Costa Cruises') ass eng italienesch Croisière-Linn, déi 12 Schëffer huet an der amerikanescher Carnival plc gehéiert.
Costa Crociere zielt op méi wéi 50 Joer Erfahrung am Passagéierdéngscht. AIDA Cruises ass och eng Filial vun der Gesellschaft. All hir Schëffer fueren ënnert italieneschem Pavillon a maache Croisièren duerch d'ganz Welt.
D'Gesellschaft Costa Cruises huet hir Activitéiten 1924 opgeholl, huet awer bis 1947 nëmmen Transporter mat Frachtschëffer duerchgeféiert. Duerno huet d'Gesellschaft ëmgesuedelt an huet hir Flott lues a lues op de Passagéierdengscht an du voll op Croisière-Activitéiten ëmgestallt.
D'Gesellschaft, déi vu Carnival plc kontrolléiert gëtt, huet dräi nei Croisiéreschëffër bestallt, déi lo an Italien vun der Fincatieri-Werft gebaut ginn: d'Costa Luminosa, d'Costa Pacifica an en drëtt Schëff, deem säin Numm nach net bekannt ass.
Inhaltsverzeechnes |
Déi ablécklech Flott [änneren]
- Costa Marina (1990)
- Costa Classica (1991)
- Costa Allegra (1992)
- Costa Romantica (1993)
- Costa Victoria (1996)
- Costa Atlantica (2000)
- Costa Europa (2002)
- Costa Mediterranea (2003)
- Costa Fortuna (2003)
- Costa Magica (2004)
- Costa Concordia (2006)
- Costa Serena (2007)
- Costa Luminosa (2009)
- Costa Pacifica (2009)
Literatur [änneren]
- Ward, Douglas: Berlitz Complete Guide to Cruising & Cruise Ships 2006, ISBN 981-246-739-4
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Costa Cruises – Biller, Videoen oder Audiodateien |