Cote 276 (Tannay)

Vu Wikipedia
Panneau um Wee fir op d'Cote 276

D'Cote 276 (Héicht 276) bei Tannay ass ee vun de villen Toponymmen déi ënner änlechen Nimm a Krichszäite besonnesch an hiwwelege Géigenden, entstane sinn, fir e bestëmmte Punkt unzeginn, deen eng strateegesch wichteg Positioun war, an den Numm nom Krich behalen huet.

D'Héicht 276 ass eng wichteg Observatiounsplaz, well e vun do aus eng gutt Vue op den Dall vum Bar, d'Sank vu Sy, de Bësch um Mont-Dieu an d'Koppe vu Les Grandes-Armoises an Oches huet.

De 16. a 17. Mee 1940 huet d'Wehrmacht d'Brécken iwwer de Canal des Ardennes attackéiert, déi vun de Fransouse mat Hëllef vun Artillerie a besonnesch vun Tankse B1 bis verdeedegt goufen.

Nodeem déi éischt däitsch Attack kee Succès hat, huet d'Wehrmacht hir Truppe verstäerkt an den 23. Mee eng nei Offensiv, ënnerstëtzt vu schwéierem Artilleriesfeier, op der ganzer Front lancéiert. D'Haaptzil war d'Cote 276. Sou konnten déi däitsch Truppen iwwer de Kanal an de Bar kommen, a si bis op d'Héicht 276 a bis op Nociève virgestouss. Duerch eng franséisch Konterattack konnt de Feind bis op d'RN77 zeréckgedréckt ginn, konnt sech awer zu Tannay behaapten.

De 24. Mee um sechs Auer owes hunn d'Fransousen nees eng Konterattack mat Hëllef vu Tankse gemaach, déi awer ënner schwéierem däitschen Artilleriesbeschoss ënnergaangen ass, an d'Wehrmacht ass erëm no vir marschéiert. Just d'Héicht 276 ass an den Hänn vun de Fransouse bliwwen. Op e Réckzuchsuerder hin, goufen d'Positiounen um Mont-Dieu opginn, an ënnert der Deckung vu Kavaleriesunitéiten op der Héicht, hu sech d'Fransousen an der Nuecht vum 24. op de 25. Mee zeréckgezunn. De 25. owes stoung eng nei Verdeedegungslinn déi sech iwwer Chesne, Les Petites-Armoises, de Bësch vu Sy, Oches, an de Bësch vum Le Dieulet gezunn huet, a vun den Truppe vun der 35. a 6. Infantriedivisioun besat war. Den däitschen Akesselungsversuch hat net funktionéiert.

D'Cote 276 fënnt en op der Departementale 30 um P.k. 56. En Informatiounspanneau, den N°15 vum Circuit historique 1940-45 renseignéiert a 4 Sproochen iwwer d'Evenementer op der Plaz.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]