Cote de Pablo

Vu Wikipedia
Cote de Pablo
Gebuertsnumm María José de Pablo Fernández
Gebuer 12. November 1979
Santiago de Chile
Nationalitéit Chile, USA
Educatioun Carnegie Mellon University
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Mannequin, Filmschauspiller, Synchronspriecher, Theaterschauspiller
D'Cote de Pablo zu Los Angeles am Joer 2007

D'Cote de Pablo, gebuer den 12. November 1979 zu Santiago de Chile als María José de Pablo Fernández[1], ass eng US-amerikanesch Schauspillerin.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Cote de Pablo ass am Alter vun zéng Joer mat hiren Elteren op Miami geplënnert, well hir Mamm, d'Maria Olga Fernandez, do eng Plaz bei Telemundo krut, an ass do an d'Arvida Middle School gaangen. Duerno huet si Musekstheater op der Carnegie Mellon University zu Pittsburgh studéiert. Si huet hire Studium am Joer 2000 ofgeschloss an huet an Theaterstécker gespillt, wéi Measure for Measure (2001) am New Yorker Public Theater. Hir éischt Fernseeroll hat si a Control (1994). Si hat eng sëlleg Gaaschtoptrëtter a verschiddene Serien, ënner anerem The Education of Max Bickford an The Jury. Hir bis elo bekanntst Roll ass déi vun der Ziva David an der US-Krimiserie Navy CIS, déi si zanter der drëtter Staffel spillt.

D'Cote de Pablo krut den 19. August 2006 bei den 21. Annual Imagen Awards de Präis fir déi bescht Nieweroll an enger Fernseesendung, fir hir Roll vun der Agentin Ziva David an der Serie NCIS[2].

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1994: Control
  • 2001: The Education of Max Bickford
  • 2004: The $treet
  • 2004: The Jury
  • zanter 2005: Navy CIS
  • 2009: The Last Rites of Ransom Pride

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cote de Pablo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. www.imdb.com: Biography for Cote de Pablo
  2. www.imagen.org: 21st Annual Imagen Awards Archivéiert op 2010-07-14. Gekuckt de(n) 2010-12-11.