Coudé-Stralegank

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
De Coudé-Refrakter vum Observatoire Heilbronn

De Coudé-Stralegank (dacks och kuerz als Coudé bezeechent) ass e Stralegank an astronomeschen Teleskopen, deem säi Brennpunkt op enger fester Plaz op der Stonnenachs vun der Montéierung ass, oder an engem eegene sougenannte Coudéraum. Zwéin héichprezis Plangspigele féieren de Stralegank op de sougenannte Coudé-Fokus. D'Wuert „coudé“ kënnt aus dem Franséischen a bedeit gebéit wéi den Ielebou.

Am Ufank war de System fir laang Lënserefrakteren ausgeduecht, fir datt den Observateur an engem gehëtzte Raum konnt sëtzen. An der Tëschenzäit ass et a verschiddene Bauaarte virun allem vu grousse Spigelteleskopen ëmgesat a bei Groussteleskopen meeshtens eng vun dräi méigleche Fokus-Variante vum Primärspigel. Bis zur Aféierung vu schwéieren azimutale Montéierunge mat belaaschtbaren Nasmythplattformen a Glasfaseroptike war et déi eenzeg Méiglechkeet, tonneschwéier an onbeweglech Spektrographe bedreiwen ze kënnen, well een déi sou an engem eegene Raum ënnerbrénge konnt.

De Stralegank entsprécht vu vir eran dem Nasmyth-System, gëtt dann awer mat enger Rei vu Spigelen an ee feste Coudéraum geleet. Dofir gëtt de Stralegank entweeder kolliméiert oder op d'mannst e ganz laangbrennwäitege Stralegank ausgeléist. D'Tëschenoptiken a Spigelen déi de Stral weiderleeden, féieren allerdéngs zu erhieflechem Liichtverloscht, soudatt Coudé-Stralegäng nëmmen do gebraucht ginn, wou aner Léisunge wéi d'Liichtweiderleedung mat Glasfaser net méiglech ass. D'Astronomesch Interferometrie ass en Asazgebitt fir Coudé-Stralegäng.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie