Coupe de Luxembourg (Foussball)
D'Coupe de Luxembourg am Foussball ass d'national Coupekompetitioun vun den éischte Seniorsequippen zu Lëtzebuerg. Den Tournoi gëtt vun der FLF organiséiert an zënter 1921/1922 gespillt. Keng national Coupe an och kee Championat goufen et an den Okkupatiounsjoren 1941-44.
D'Coupe de Luxembourg ass e Wanderpokal; de Coupegewënner kritt, nieft Titel a Goldmedailen, och d'Trophée selwer mat an däerf se bis 6 Woche virun der nächster Coupefinall halen. Den zweete Finalist muss sech mat Sëlwer zefridde ginn.
D'Déifferdenger Red Boys huet d'Coupe de Luxembourg am dackste gewonn. De fréieren[1] Traditiounsveräin aus dem Minett war 24 mol an der Finall an huet de Pokal 15 Kéieren däerfe matheemhuelen.
Analog zu der Coupe bei de Männer gouf an der Saison 2001/2002 eng Coupe de Luxembourg fir Dammenequippen agefouert.
Inhaltsverzeechnes |
Aktuelle Spillmodus [änneren]
D'Coupe de Luxembourg gëtt als Knockout-Tournoi gespillt. All Tur spillen d'Equippen nëmmen ee Match deen dann och gläichzäiteg eng "kleng Finall" ass bei där nëmmen de Gewënner eng Ronn viru komme kann. Konnt no 90 Minutte keng Equipe sech duerchsetzen, gëtt eng Verlängerung vun 2x15 Minutte gespillt. Steet et duerno ëmmer nach gläich, ginn Eelefmeter geschoss. Déi repektiv Matcher ginn vun der FLF geloust. Gespillt gëtt um Terrain vun der Equipe déi als éischte gezu ginn ass. Spillt e Veräin aus der Nationaldivisioun géint e Club aus enger anerer Divisioun, huet d'Equipe aus der Divisioun drënner automatesch Heemvirdeel (gëllt bis zu der 1/8 Finall). D'Finall gëtt op neutralem Terrain gespillt.
All Equipe aus dem lëtzebuergeschem Championat däerf, wann se sech virdru bei der Federatioun ugemellt huet, matmaachen. Well awer d'Ënnerscheeder am Spill tëscht ieweschten an ënneschten Divisiounen net ëmmer kleng sinn, spillen net all d'Veräiner aus allen Divisioune vun Ufank un mat. Déi éischt zwéin Tier ginn just vun Equippen aus der zweeter an drëtter Divisioun gespillt sou datt um Enn vun der zweeter Ronn nëmme méi 16 Veräiner aus den zwou ënneschten Divisioune mat dobäi sinn. An der drëtter Ronn kommen d'Clibb aus der Éischter Divisioun zum Zuch, de véierten Tour spillen d'Equippen aus der Éierepromotioun mat. D'Veräiner aus der Nationaldivisioun kommen eréischt an der fënnefter Ronn mat an d'Spill, ginn awer esou gesat, datt se sech deen Tour net begéinen. Vun der 1/16 Finall un ass den Tournoi op an all d'Equippen kommen an datselwecht Dëppen.
Coupegewënner no Joren [änneren]
Coupegewënner der Zuel vun den Titelen no [änneren]
| Veräin | Coupegewënner | Finalist | Gewonn an de Joren |
|---|---|---|---|
| Racing FC Union Lëtzebuerg | 20 | 24 | |
| dovun als Racing Club Lëtzebuerg | 1 | 0 | 1922 |
| dovun als Aris Bouneweg | 1 | 5 | 1967 |
| dovun als Union Lëtzebuerg | 10 | 10 | 1947, 1959, 1963, 1964, 1969, 1970, 1986, 1989, 1991, 1996 |
| dovun als Spora Lëtzebuerg | 8 | 8 | 1928, 1932, 1940, 1950, 1957, 1965, 1966, 1980 |
| dovun als US Hollerech | 0 | 1 | |
| FC Déifferdeng 03 | 17 | 9 | 2010, 2011 |
| dovun als Red Boys Déifferdeng | 15 | 9 | 1925, 1926, 1927, 1929, 1930, 1931, 1934, 1936, 1952, 1953, 1958, 1972, 1979, 1982, 1985 |
| dovun als AS Déifferdeng | 0 | 1 | |
| Jeunesse Esch | 12 | 11 | 1935, 1937, 1946, 1954, 1973, 1974, 1976, 1981, 1988, 1997, 1999, 2000 |
| F91 Diddeleng | 11 | 12 | 2004, 2006, 2007, 2009 |
| dovun als US Diddeleng | 1 | 1 | 1939 |
| dovun als Stade Diddeleng | 4 | 7 | 1938, 1948, 1949, 1956 |
| dovun als Alliance Diddeleng | 2 | 1 | 1961, 1962 |
| Avenir Beggen | 7 | 4 | 1983, 1984, 1987, 1992, 1993, 1994, 2002 |
| Progrès Nidderkuer | 4 | 3 | 1933, 1945, 1977, 1978 |
| CS Gréiwemaacher | 4 | 4 | 1995, 1998, 2003, 2008 |
| Fola Esch | 3 | 1 | 1923, 1924, 1955 |
| US Rëmeleng | 2 | 1 | 1968, 1975 |
| Etzella Ettelbréck | 1 | 2 | 2001 |
| CS Péiteng | 1 | 1 | 2005 |
| FC Schifflange 95 als The National Schëffleng | 1 | 1 | 1960 |
| Jeunesse Uewerkäerjeng | 1 | 0 | 1971 |
| SC Téiteng | 1 | 0 | 1951 |
| Swift Hesper | 1 | 0 | 1990 |
| FC Monnerech | 0 | 2 | |
| FC Cebra 01 | 0 | 1 | |
| UN Käerjéng 97 | 0 | 1 | |
| FC Wolz 71 | 0 | 1 | |
| Olympique Äischen | 0 | 1 | |
| Racing Rodange | 0 | 1 | |
| Red Star Märel-Belair | 0 | 1 |
Notizen a Referenzen [änneren]
- ↑ D'Red Boys huet 2003 mat der AS Déifferdeng zum FC Déifferdeng 03 fusionéiert.
Um Spaweck [änneren]
- (fr) flf.lu Offizielle Site vun der FLF