Couscous

Vu Wikipedia
E Couscous
E Couscoussier.

Couscous ass den Numm vum Schmull, deen zu klenge Bëmmelche gepresst gouf an da gekacht gëtt, sou wéi och vun engem Plat a villen nordafrikanesche Kichen, vun deem e Bestanddeel ass.

De Schmull gëtt am Couscoussier gedëmpt. De Couscoussier ass den ieweschten Deel vun engem Dëppe mat zwéi "Stäck", wou ënnendran eng Britt kacht mat Geméis (Muerten, Käicher, Zelleri, Porett, ...), an deemno wéi och Fleesch (Hämmel an/oder Poulet). De Buedem vum ieweschten Dëppe besteet aus engem renge Sift, duerch deen den Damp vun der Britt no uewen zitt a sou de Schmull mëll mécht. Eng typesch Gewierzmëschung fir an de Couscous ass de Ras el-Hanout.

Wann d'Fleesch gegrillt soll sinn, gëtt dat sonner gemaach, an et kënnt eréischt beim Zerwéieren op de Plat.