Cowper

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Landschaftspark Duisburg-Nord – Cowper vum Héichuewe 5

E Cowper (zu Lëtzebuerg "Kauper" ausgeschwat), genannt nom Erfinder, dem engleschen Ingenieur Edward Alfred Cowper, ass en Apparat, deen an engem Regeneratiounsprozess gliddeg Loft produzéiert, déi beim Bedreiwe vun Héichiewe benotzt gëtt.

De Cowper ass meeschtens en Zylinder mat enger Héicht vun enger 50 Meter, dee banne mat Schammottzille verkleet ass.

Bei de Belval-Héichiewen A a B sinn d'Cowperen nach erhalen.