Crawler-Transporter
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Crawler-Transporter ass e Kettegefier dat an zwéin Exemplaire gebaut gouf a fir den Transport vun Transportrakéite vum Vehicle Assembly Building vun der NASA bis op Ofschossramp vum Kennedy space center gebraucht gëtt. En transportéiert Saturn V-Rakéiten, d'Space-shuttlen an d'Ares I.
[änneren] Beschreiwung
De Monster op Kette weit 2.700 Tonnen an e fiert ganz lues, e brauch ongeféier 6 Stonnen fir eng Rakéit oder Navette bis bei Ofschossramp ze transportéieren. E gëtt vu 16 elektresche Motoren ugedriwwen déi hire Stroum vu 6 Dieselgeneratrice vun 2.750 PS kréien. All Kettenelement weit bal eng Tonn.
Déi zwee Gefierer « Hanz » a « Franz » goufe vu Bucyrus International geplangt, a vu Marion Power Shovel fir de Präis vu 14 Milliounen US-Dollar d'Stéck gebaut.
Et sinn déi gréisst Kettegefierer op der Welt déi mat eegener Kraaft fueren. Dat gréisst Kettegefier iwwerhaapt ass en däitsche Schëpperadbagger, de Bagger 293, deen am Tagebau Hambach seng Aarbecht mécht.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Crawler-transporter – Biller, Videoen oder Audiodateien |