Crystal Cruises

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Crystal cruises.png

Crystal Cruise Lines, meeschtens bezeechent als Crystal Cruises, ass eng Linn mat Luxus Croisièreschëffer, déi 1988 gegrënnt gouf a bekannt ginn ass duerch hir mëttelgrouss Schëffer vun héijem Standard. D'Linn gehéiert ganz der grousser japanescher Reederei Nippon Yusen Kaisha.

D'Passagéier vu der Crystal-Linn si ronn 85% amerikanesch Bierger, d'Hallschent dovu kommen aus Kalifornien.

D'Crystal Schëffer goufe vun der Fachpress, Conde Nast Traveler als déi bescht Croisièresschëffer aklasséiert, aner Fachzäitschrëfte betruechten se als Schëffer déi zou den 20 Top Schëffer an der Croisière Branche gehéieren. De Berlitz Guide bemängelt allerdéngs, datt se kee Single Sitting offréieren, dat heescht, datt Molzechten net an engem, mä a méi wéi engem Service zerwéiert ginn.

Flott[änneren | Quelltext änneren]

DCrystal Symphony ass dat klengst vu deene zwee leschten an huet Plaz fir 940 passengers each. DCrystal Serenity huet eng Kapazitéit vun 1,050 Passagéier an en Equipage vu 650 Persounen.

D' Crystal Harmony ass 2005 aus der Flott verschwonn. No Restauratiounsarbeschten ass et un eng aner Gesellschaft vum Grupp transferéierert ginn a fiert elo ënner dem Numm Asuka II fir Asuka Cruises.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ward, Douglas: Berlitz Complete Guide to Cruising & Cruise Ships 2006, ISBN 981-246-739-4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Crystal Cruises – Biller, Videoen oder Audiodateien