Cubewano
E Cubewano ass e Kuiperceinture-Objet (Kuiper Belt Object, KBO), deen d'Sonn op enger Distanz tëschent 41 a 50 Astronomeschen Eenheeten ëmkreest a keng Bunnresonanz mat de baussenzege Planéiten opweist. Dës och als klassesch Kuiperceinture-Objeten (Classical Kuiper Belt Objects, CKBOen) bezeechent Himmelskierper beweege sech op bal kreesfërmege Bunnen, also mat manner Exzentrizitéit, a mat Bunneschréiegte vu bis zu 30°.
Ongeféier zwéin Drëttel vun de bekannte KBOen, beweege sech op sou enger kreesähnlecher Bunn ëm d'Sonn. Déi aner gehéieren zu de Gruppe vu resonante KBOen, wéi d'Plutinoen, oder zu de Scattered Disc Objects (SDOen).
Inhaltsverzeechnes |
Benennung [änneren]
D'Bezeechnung Cubewano ass ofgeleet vun der englescher Aussprooch vum éischten entdeckten KBO 1992 QB1 als „Q-B-one“.
Bekannt Cubewanoen [änneren]
- 1992 QB1: éischten Objet, deen déisäit vun der Plutobunn entdeckt gouf
- (136472) Makemake: no (134340) Pluto den zweethellste KBO
- (136108) Haumea: huet eng längelzeg Form an zwéi Mounden
- (50000) Quaoar
- (20000) Varuna
- 2002 TX300
- 2002 AW197
- 2002 UX25