Cumières-le-Mort-Homme
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Verdun | ||||
| Kanton | Charny-sur-Meuse | ||||
| Code Insee | 55139 | ||||
| Postcode | 55100 | ||||
| Koordinaten | 49° 14' 00" N 05° 16' 54" O |
||||
| Fläch Uertschaft | 611 ha | ||||
| Bevëlkerung Uertschaft | 0 (1999) | ||||
Cumières-le-Mort-Homme ass eng franséisch Gemeng an der Meuse an der Regioun Loutrengen.
An der Gemeng Cumières wunnt kee Mënsch. Et ass eng vun den néng Uertschaften am Departement déi am Éischte Weltkrich ganz zerstéiert goufen. Se gouf als Village mort pour la France declaréiert, an um Enn vum Krich gouf decidéiert, d'Gemeng bestoen ze loossen, als Erënnerung un d'Evenementer déi sech do afgespillt hunn. Den Territoire vun der Gemeng gëtt vun dräi Leit verwalt, déi vum Prefet vun der Meuse bestëmmt ginn.
Inhaltsverzeechnes |
Beschreiwung vum Wopen [änneren]
D’or à la fasce d’azur accompagnée en chef de trois anneaux de gueules.
Kuckeswäertes [änneren]
- D'Kapell Saint Remi déi 1933 mat de Sténg vun der zerstéierter Kierch opgeriicht gouf.
- An der Kapell eng Statu vun der Jeanne Gérard déi vum Dante Donzelli gemaach gouf, an de 26. Juni 1960 vum Monseigneur Petit, Bëschof vu Verdun geseent gouf.
Persounen [änneren]
- De Capitaine René Lisbonne war 1916 Enn Mee do Kommandant vum 5. Batailloun vum 254. Infanteriesregiment
Kuckt och [änneren]
- Departement Meuse
- Arrondissementer am Departement Meuse
- Kantonen am Departement Meuse
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Meuse
| Commons: Cumières-le-Mort-Homme – Biller, Videoen oder Audiodateien |