Cunard-Linn

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Queen Elizabeth 2 vun der Cunard Linn

D'Cunard Line ass eng englesch Reederei mat Sëtz zu Liverpool (de Sëtz gouf 1919 op London verluecht). Gegrënnt 1838, huet d'Reederei fir d'éischt e Linnendéngscht op Boston an Halifax bedriwwen, 1851 gouf New York City als Endstatioun ugesteiert. Haut konzentréiert sech d'Gesellschaft op d'Geschäft mat Croisièren, mat hiren dräi Schëffer, der Queen Elizabeth 2 (QE2), Queen Mary 2 (QM2) an der Queen Victoria.

D'Queen Elizabeth 2 gëtt am Joer 2008 ausgemustert an op Dubai verkaaft, fir do als Akafszentrum an als Hotelsschëff benotzt ze ginn. Eng nei Queen Elizabeth (ouni Nummzousaz an Nummer) ass 2007 bestallt ginn a soll 2011 hir Akivitéit ophuelen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Mee 1839 huet de kanadesche Geschäftsmann Samuel Cunard zesumme mat enger Grupp vu kapitalkräftege Reederen a Geschäftsleit, wéi George Burns, David McIver an James Donaldson déi British & North American Royal Mail Steam Packet Company gegrënnt. Allgemeng bekannt gouf d'Gesellschaft ënner dem Numm Cunard Line. Déi jonk Gesellschaft hat e Vertrag fir d'Post a Länner an Iwwerséi ze transportéieren.

1840 sinn déi éischt Schëffer vun der Linn vum Stapel gelaf, d'Britannia, d'Acadia, d'Caledonia an d'Columbia. D'Britannia an d'Caledonia waren och déi éischt Schëffer vun der Reederei, déi sech dat Blot Band verdéngt hunn. Sechs weider nei Schëffer hu bis 1850 hir Flott erweidert, déi nei Rekorden opgestallt huet an déi am Nordatlantik Här a Meeschter war.

Déi däitsch Reedereien, Norddeutscher Lloyd an d'Hapag/HAL, hunn dunn de Britte mat neien, rekordverdächtege Schëffer Paroli gebuet an zéng Joer laang d'Geschéien um Nordatlantik bestëmmt.

1901 huet den amerikanesche Banquier John Pierpont Morgan eng Reederei no der aner opkaaft a wann et no him gaange wier och Cunard. Fir dat ze verhënneren, huet dat englescht Parlament der Cunard all Joer Subventiounen zougestan an hir och e Kredit vu 11,7 Mill $ fir de Bau vun neie Schëffer accordéiert. Domat konnt Cunard 2 nei Schwësterschëffer, Lusitania an Mauretania, bauen. Mat 31.938 BRT waren dat déi gréisst a séierst Schëffer vun der Welt. Et ass dunn der Mauretania mat 26 Kniet wärend 22 Joer laang gelongen, de Vitessrekord, d'Blot Band ze verdeedegen.

Am Éischte Weltkrich, deen 1914 ausgebrach ass, hat Cunard grouss mënschlech a materiell Verloschter. D'Torpedéierung an den Ënnergank vun der Lusitania duerch en däitscht U-Boot war déi gréisst Katastroph. Si huet 1198 Mënscheliewe kascht. Nom Krich gouf d'Konkurrenz erëm méi grouss an dat däitscht Linneschëff Bremen huet de Britten dat Blot Band erëm ofgeknäppt. D'Englänner hu reagéiert an hu sech, an den zwanzeger Joren, mat Hëllef vun der Regierung erëm druginn, fir hir Spëtzepositioun ze vedeedegen. Cunard a White Star hunn 1935 fusionéiert, an 1936 ass d'Queen Mary, mat 80.774 BRT deemools dat gréisst Schëff, gedeeft ginn. Et sollt en neie Vitessrekord opstellen an dat Blot Band erëmgewannen, wat och gelongen ass. 1940 koum dunn och dat nach méi grousst Scheff, Queen Elizabeth nei dobäi. Mat sengen 83.673 BRT ass et du bis 1996 dat gréisst Schëff vun der Welt bliwwen.

Am Zweete Weltkrich huet d'Reederei véier Passagéierschëffer an e puer Frachtere verluer; beim Ënnergank vun den zwee Passagéierschëffer, Lancastria a Laconia, hunn a jiddwerengem vun den zwéi Fäll méi wéi 2000 Mënschen hiert Liewe verluer.

Queen Mary 2 vun der Cunard Line

An de 60er Joren huet Cunard op der Transatlantik-Route d'Konkurrenz vun der Aviatioun voll ze spiere kritt, wat Cunard gezwongen huet, hir zwee gouss Linneschëffer (Queenschëffer) aus dem Verkéier ze zéien. Déi nächst Schëffer, déi uschléissend gebaut goufen, QE2, Queen Mary 2 an Queen Victoria waren net méi fir de Linneverkéier, mä fir Croisièresaktivitéite bestëmmt, déi sech an den zwee leschte Joerzéngte ganz staark entwéckelt hunn. Net ze vergiessen, datt déi finanziell Bedeelegung vum amerikanesche Carnival-Konzern vill zur Stäerkung vu Cunard bäigedroen huet.

Schëffer[änneren | Quelltext änneren]

Passagéierschëffer (Transatlantik-Service)[änneren | Quelltext änneren]

Joer Numm Tonnage Werft Status/Schicksal
1840 Britannia 1156 BRT R. Duncan & Co., Glasgow 1849 un déi Norddäitsche Bundesflott verkaaft
1840 Acadia 1156 BRT J. Wood & Co., Glasgow 1849 un d'Norddäitsch Bundesflott verkaaft
1840 Caledonia 1156 BRT Smith & Rodgers, Glasgow 1850 un déi spuenesch Marinn verkaaft
1840 Columbia 1156 BRT R. Steele & Co., Greenock 1843 bei Seal Island (Halifax / Kanada) op Grond gelaf
1843 Hibernia 1422 BRT R. Steele & Co., Greenock 1850 un déi spuenesch Marinn verkaaft
1845 Cambria 1422 BRT R. Steele & Co., Greenock 1860 vun Italie kaaft an 1875 verschrott
1848 America 1834 BRT R. Steele & Co., Greenock 1866 verkaaft, an e Seegelschiff ëumgebaut
1848 Canada 1834 BRT R. Steele & Co., Greenock 1867 no Portugal verkaaft, an e Seegelschëff ëmgebaut
1848 Niagara 1834 BRT R. Steele & Co., Greenock 1866 verkaaft, an e Seegelschëff ëmgebaut
1848 Europa 1834 BRT R. Steele & Co., Greenock 1867 verkaaft, an e Seegelschëff ëmgebaut
1850 Asia 2226 BRT R. Napier & Sons, Glasgow 1867 verkaaft
1850 Africa 2226 BRT R. Steele & Co., Greenock 1868 verkaaft
1853 Arabia 2402 BRT R. Steele & Co., Greenock 1864 verkaaft
1856 Persia 3300 BRT R. Napier & Sons, Glasgow 1868 verkaaft, an e Seegelschiff ëmgebaut
1859 (1856) Calabria 2902 BRT J. & G. Thomson Ltd., Glasgow 1856: ex Australasian, E&A / 1859 Cunard / 1876 verkaaft
1862 Scotia (I) 3871 BRT R. Napier & Sons, Glasgow 1878 verkaaft, an e Schëff, dat Kabele leet, ëmgebaut
1862 China 2638 BRT R. Napier & Sons, Glasgow 1880 no Spuenien verkaaft, an "Magellanes" ëmbenannt
1867 Russia 2960 BRT J. & G. Thomson, Glasgow 1880 un Red Star Line verkaaft an "Waesland" ëmbenannt
1867 Siberia 2574 BRT J. & G. Thomson, Glasgow 1880 no Spuenien verkaaft, a "Manila" ëmbenannt
1868 Samaria (I) 2574 BRT J. & G. Thomson, Glasgow 1902 außer Déngscht gestallt, verkaaft fir ze verschrotten
1870 Abyssinia 3376 BRT J. & G. Thomson, Glasgow 1880 beim Kaf vun engem neie Schëff verrechent
1870 Parthia (I) 3167 BRT W. Denny & Bros., Dumbarton 1884 beim Kaf vun engem neie Schëff verrechent
1870 Batavaia 2553 BRT W. Denny & Bros., Dumbarton 1884 beim Kaf vun engem neie Schëff verrechent
1874 Bothnia (I) 4557 BRT J. & G. Thomson, Glasgow 1898 ausser Déngscht gestallt, a verkaaft fir ze verschrotten
1875 Scythia (I) 4557 BRT J. & G. Thomson, Glasgow 1898 ausser Dwengscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1879 Gallia 4809 BRT J. & G. Thomson, Glasgow 1897 un d'Beaver Line verkaaft
1881 Servia (I) 7391 BRT J. & G. Thomson, Glasgow 1901 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1881 Catalonia 5588 BRT J. & G. Thomson, Glasgow 1901 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1882 Cephalonia 5588 BRT Laird Bros. & Co., Greenock 1900 verkaaft, an "Halior" ëmbenannt
1882 Pavonia 5588 BRT J. & G. Thomson & Co., Glasgow 1900 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1883 Araunia (I) 7269 BRT J. & G. Thomson, Glasgow 1905 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1884 Oregon 7324 BRT John Elder & Co. Ltd., Glasgow 1884: fir Guion Line / 1884 u Cunard / 1886 ënnergang
1885 Etruria 7718 BRT John Elder & Co. Ltd., Glasgow 1909 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1885 Umbria 7718 BRT John Elder & Co. Ltd., Glasgow 1910 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1893 Campania 12950 BRT Fairfield S.B. & Eng. Co. Ltd., Glasgow 1914 un Royal Navy an Ëmbau an e Flugzeugträger
1893 Lucania 12952 BRT Fairfield S.B. & Eng. Co. Ltd., Glasgow 1909 zu Liverpool ausgebrannt a verschrott
1898 Ultonia 10405 BRT Swan, Hunter & Co. Ltd., Newcastle 1917 am Atlantik duerch U 53 torpedéiert an ënnergang
1900 Ivernia (I) 14281 BRT Swan, Hunter & Co. Ltd., Newcastle 1917 bei Griicheland duerch UB 47 torpedéiert an ënnergang
1900 Saxonia (I) 14281 BRT Swan, Hunter & Co. Ltd., Newcastle 1925 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1902 Carpathia 13603 BRT Swan, Hunter & Co. Ltd., Newcastle 1912 Rettung vun den Titanic-Passagéier, déi iwwerlieft hunn / 1918 torpedéiert an ënnergang
1903 Slavonia 10606 BRT John Brown & Co. Ltd., Clydebank 1909 bei den Azoren ënnergang
1904 Pannonia 10606 BRT John Brown & Co. Ltd., Clydebank 1922 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1905 Carmania (I) 19687 BRT John Brown & Co. Ltd., Clydebank 1932 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1905 Caronia (I) 19687 BRT John Brown & Co. Ltd., Clydebank 1932 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1907 Lusitania 31550 BRT John Brown & Co. Ltd., Clydebank 1915 bei Kinsale (Irland) duerch U 20 torpedéiert an ënnergang (1198 Doudeger)
1907 Mauretania (I) 31938 BRT Swan, Hunter & Co.Ltd., Newcastle 1935 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1911 Ascania (I) 9111 BRT Wigham Richardson & Co. Ltd., Newcastle 1918 bei Cape Race (Kanada) ënnergang
1911 Franconia (I) 18150 BRT Swan, Hunter & W. Rich. Ltd., Newcastle 1916 bei Fastnet (Kanal) torpedéiert an ënnergang
1911 (1900) Albania (I) 7640 BRT C.S. Swan & Hunter Ltd., Newcastle 1900: ex Cairnrona, Cairn Line / 1911 Cunard / 1912 verkaaft
1912 Laconia (I) 18150 BRT Swan, Hunter & W. Rich. Ltd., Newcastle 1917 bei Fastnet (Kanal) duerch U 50 torpedéiert an ënnergang
1913 Alaunia (I) 13405 BRT Scotts S.B. & Eng. Co. Ltd., Greenock 1916 no Minentreffer ënnergang
1913 Andania (I) 13405 BRT Scotts S.B. & Eng. Co. Ltd., Greenock 1918 am Äermelkanal duerch U 46 torpedéiert an ënnergang
1914 Aquitania 45647 BRT John Brown & Co. Ltd., Clydebank 1950 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1916 (1902) Flavia 9284 BRT Palmer Bros. & Co. Ltd., Yarrow 1902 für Uranium Line / 1916 u Cunard / 1918 torpedéiert an ënnergang
1916 (1907) Folia 6560 BRT Sir. J. Laing & Co. Ltd., Sunderland 1907 fir Uranium Line / 1916 u Cunard / 1917 torpedéiert an ënnergang
1916 (1891) Feltria 5254 BRT W. Denny & Bros. Ltd., Dumbarton 1891 fir Uranium Line / 1916 u Cunard / 1917 torpedéiert an ënnergang
1917 Aurania (II) 13936 BRT Scotts SB & Eng. Co. Ltd., Greenock 1918 bei Schottland torpedéiert an ënnergang
1920 (1913) Berengaria (ex Imperator) 52226 BRT Blohm & Voss AG, Hamburg 1913 fir Hapag / 1920 u Cunard / 1938 no engem Feier verschrott
1921 Albania (II) 12768 BRT Scotts S.B. & Eng. Co. Ltd., Greenock 1930 u Libera Triestina S.p.A. verkaaft, an "California" ëmbenannt
1921 Scythia (II) 20277 BRT Vickers-Armstrong Ltd., Barrows 1958 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1921 Laconia (II) 20277 BRT Swan, Hunter & W. R. Ltd., Newcastle 1942 bei Ascension torpedéiert an ënnergang und gesunken (2275 Doudeg)
1922 Samaria (II) 20277 BRT Cammell Laird & Co. Ltd., Birkenhead 1956 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1923 Franconia (II) 20277 BRT J. Brown & Co. Ltd., Clydebank 1956 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1924 Servia (II) 20277 BRT Vickers-Armstrong Ltd., Barrows 1924: Carinthia (II) / 1940 bei Irland duerch U 46 torpedéiert an ënnergang
1922 Andania (II) 14040 BRT Hawthorn, Leslie & Co. Ltd., Newcastle 1940 bei Reykjavík torpedéiert an ënnergang
1922 Ausonia (II) 14040 BRT Vickers-Armstrong Ltd., Newcastle 1942 un d'Royal Navy verkaaft, an ëmgaut als Wierkstats-Schëff
1922 Antonia 14040 BRT Vickers-Armstrong Ltd., Newcastle 1942 un d'Royal Navy verkaaft an ëmgebaut als Wierkstatschëff
1924 Aurania (III) 14040 BRT Swan, Hunter & W. R. Ltd., Newcastle 1942 un d'Royal Navy verkaaft, Ëmbau
1925 Ascania (II) 14040 BRT Swan, Hunter & W. R. Ltd., Newcastle 1957 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1925 Alaunia (II) 14040 BRT J. Brown & Co. Ltd., Clydebank 1944 un d'Royal Navy verkaaft, Ëmbau
1924 Lancastria 16243 BRT William Beardmore & Co. Ltd., Glasgow 1940 bei St. Nazaire duerch dt. Bomber versenkt (2000 - 5000 Doudeg ?)
1936 Queen Mary 80774 BRT John Brown & Co. Ltd., Clydebank 1967 un d'Stad Long Beach verkaaft fir als Hotelschëff benotzt ze ginn
1939 Mauretania (II) 35738 BRT Cammell Laird Ltd., Birkenhead 1965 ausser Déngscht gestallt a verkaaft fir ze verschrotten
1940 Queen Elizabeth 83673 BRT John Brown & Co. Ltd., Clydebank 1970 un C.Y. Tung verkaaft / 1972 am Laf vun Ëmbauaarbechten ausgebrannt
1948 Parthia (II) 13362 BRT Harland & Wolff Ltd., Belfast 1961 u New Zealand Ship. Co. Ltd. verkaaft, an "Remuera" ëmbenannt
1948 Media (I) 13362 BRT Harland & Wolff Ltd., Belfast 1961 un Cogedar S.p.A. verkaaft, an "Flavia" ëmbenannt
1949 Caronia (II) 34274 BRT John Brown & Co. Ltd., Clydebank 1968 verkaaft
1954 Saxonia (II) 21989 BRT John Brown & Co. Ltd., Clydebank 1963 Carmania (II) / 1973 un d'Sowjetunioun verkaaft, an "Leonid Sobinov" ëmbenannt
1955 Ivernia (II) 21989 BRT John Brown & Co. Ltd., Clydebank 1963 Franconia (III) / 1973 un d'Sowjetunioun verkaaft, an "Fedor Shalyapin" ëmbenannt
1955 Carinthia (III) 21989 BRT John Brown & Co. Ltd., Clydebank 1968 un d'Sitmar S.p.A. verkaaft, an "Fairland" ëmbenannt
1957 Sylvania (II) 21989 BRT John Brown & Co. Ltd., Clydebank 1968 un d'Sitmar S.p.A. verkaaft, an "Fairwind" ëmbenannt
1968 Queen Elizabeth 2 70327 BRZ John Brown & Co. Ltd., Clydebank am Déngscht
1971 Cunard Adventurer 14151 BRT Rotterdamsche D.D. Mij. N.V.,Rotterdam 1977 un d'Norwegian Cruise Line A/S verkaaft, an "Sunward II" ëmbenannt
1972 Cunard Ambassador 14151 BRT Rotterdamsche D.D. Mij. N.V.,Rotterdam 1974 duerch e Feier schwéier beschädegt a verkaaft
1975 Cunard Countess 17495 BRT Burmeister & Wain AS, Kopenhagen 2005 Lili Marleen - Croisièren
1976 Cunard Conquest 17495 BRT Burmeister & Wain AS, Kopenhagen 1977 "Cunard Princess" / 1998 un Royal Olympic Cruise Line S.A. verkaaft, 1995 un MSC verkaaft, Rhapsody
1983 (1973) Vistafjord 24292 BRT Swan, Hunter Shipbuilders Ltd., Newcastle 1973 fir NAL / 1983 u Cunard / 1998 "Caronia" (III) / 2005 verkaaft, Saga Ruby
1983 (1965) Sagafjord 24002 BRT For. et Ch. de la Mediterranée, La Seyne 1965 fir NAL / 1983 u Cunard / 1996 verkaaft, Saga Rose
1986 (1984) Sea Goddess I 4253 BRT Wärtsila AB, Helsinki 1984 fir Norske Cruise AS / 1986 u Cunard / 1998 u Seabourn Cruises
1986 (1984) Sea Goddess II 4253 BRT Wärtsila AB, Helsinki 1984 fir Norske Cruise AS / 1986 u Cunard / 1998 u Seabourn Cruises
1993 (1988) Royal Viking Sun 37845 BRZ Wärtsila AB, Helsinki 1988 fir RVL / 1993 u Cunard / 1998 u Seabourn Cruises
2004 Queen Mary 2 148528 BRZ Chantiers de l'Atlantique S.A., St. Nazaire Am Déngscht
2005 Queen Victoria (I) 84000 BRZ Fincantieri S.p.A., Monfalcone 2005 un P&O Cruises Ltd. iwwerdro, an "Arcadia" (III) ëmbenannt
2007 Queen Victoria (II) 90000 BRZ Fincantieri S.p.A., Monfalcone Am Déngscht
2010 Queen Elizabeth (II) 92000 BRZ Fincantieri S.p.A., Monfalcone Bestallt (2007)

Frachtschëffer[änneren | Quelltext änneren]

  • ...
  • ...
  • ...

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cunard Line ships – Biller, Videoen oder Audiodateien