Cydonia Mensae

Vu Wikipedia
Cydonia Mensae
Relief vun der Cydonia-Regioun; uewen d'„Marsgesiicht“, drënner d'„Pyramide“.
Eegenschaften
Typ Héichland
Breet a Längt 37 an -12.8
Dimensioun 854 km
Alter ?
Entdecker
Genannt nom poetesch Bezeechnung vun
der griichescher Insel Kreta

D'Cydonia Mensae ass en Héichland op der nërdlecher Hemisphär vum Planéit Mars. Et läit tëscht de Regioune Acidalia Planitia an Arabia Terra. Den Zentrum ass op 37° nërdlecher Breet an 12,8° westlecher Längt, a seng gréisst Ausdeenung ass 854 Kilometer. Cydonia ass eng poetesch Bezeechnung vun der griichescher Insel Kreta.

D'Cydonia-Regioun ass geologesch komplex opgebaut, hir Genesis ass bis haut nach net vollstänneg gekläert. Si besteet gréisstendeels aus glater Fläch mat enger klenger bis mëttlerer Dicht vun Impaktkrateren, aus där sech plazeweis fielseg Formatiounen hiewen.

Et gëtt ugeholl, datt d'Acidalia Planitia viru Milliarde vu Joren eng grouss Waasserfläch war an Cydonia Mensae hir südëstlech Küsteregioun. Schonn am Joer 2005 konnt d'ESA-Raumsond Mars Express grouss Virkomme vu Waasseräis op de südleche Polkapen noweisen. D'NASA-Raumsond Phoenix huet schliisslech 2008 d'Virkomme vu Waasseräis e puer Zentimeter ënner der Uewerfläch nogewisen.

Marsgesiicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Marsgesiicht, opgeholl vum Orbiter vu Viking 1, 1976. Déi schwaarz Punkten, wéi zum Beispill d'Nueslach, si Bildiwwerdroungsfeeler.
D'Marsgesiicht, opgeholl vun der HiRISE-Kamera vum Mars Reconnaissance Orbiter, 2007.

De 25. Juli 1976 hat den Orbiter vun der Raumsond Viking I aus 1873 km Héicht eng op d'mannst dräi Millioune Joer al Formatioun fotograféiert, déi un e mënschlecht Gesiicht erënnert hat. Et war e Bierg mat enger Längt vun 3 Kilometer an enger Breet vun 1,5 Kilometer. Südlech dovun stinn pyramidefërmeg Fielsen.

Sechs Deeg méi spéit goufen d'Fotoen, nieft anere Biller, der Ëffentlechkeet virgestallt an hate Schlagzeile gemaach. D'Anomalie krut duerch d'Press an duerch hir Form den Numm Marsgesiicht an déi pyramidenänlech Strukture krute vun NASA-Wëssenschaftler d'Bezeechnung Inkastad.

Héichopgeléist Fotoe vun der Sond Mars Global Surveyor aus dem Joer 2001 weisen awer, datt et sech beim Gesiicht ëm eng staark verwittert, bal achsesymmetresch Fielsformatioun handelt, déi duerch natierlech Prozesser erodéiert gouf; de Glach mat engem mënschleche Kapp koum héchstwahrscheinlech duerch d'Zesummespiel vu Liicht a Schiet zum Zäitpunkt vun der Foto souwéi duerch d'Tendenz vum Mënsch, bekannt Forme favoriséiert festzestellen (Pareidolie), zustan. D'Forme vun de „Pyramide“ kéinten och duerch Wanderosioun entstane sinn.

Cydonia an der Fiktioun[änneren | Quelltext änneren]

Duerch den héijen ëffentleche Bekanntheetsgrad a vill, zum Deel nach undauernd Spekulatiounen daucht d'Cydonia-Regioun an d'Marsgesiicht Cydonia an Science-Fiction-Serien a -Filmer souwéi Computerspiller op.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marsgesicht – Biller, Videoen oder Audiodateien