Cyril V. Jackson

Vu Wikipedia
Cyril V. Jackson
Gebuer 5. Dezember 1903
Gestuerwen Februar 1988
Pietermaritzburg
Nationalitéit Südafrika
Aktivitéit Astronom

De Cyril V. Jackson gebuer de 5. Dezember 1903 zu Ossett (no bei Leeds) an England a gestuerwen am Februar 1988 zu Pietermaritzburg, a Südafrika, war e südafrikaneschen Astronom an Entdecker vun 72 Asteroiden, souwéi 3 Koméiten.

Berufflech Statiounen[änneren | Quelltext änneren]

Den Jackson gouf an England gebuer, ass awer schonn am Alter vu 7 Joer am Joer mat senger Famill a Südafrika bei Johannesburg geplënnert. Am Joer 1922 huet hie sech an der Universitéit vu Witwatersrand ageschriwwen. Schonn am éischte Joer huet hien als Student ugefaangen, am Union Observatory ze schaffen, wou hie bei der Kartéierung vum südleche Stärenhimmel a bei der Sich vun Asteroiden a Koméiten assistiéiert huet.

6 Joer méi spéit huet hien do eng fest Ustellung kritt. Am Abrëll 1929 entdeckt hie säin éischte vun am Ganzen 72 Asteroiden, den Asteroid (1116) Catriona. Hien huet sengen Asteroiden deelweis typesch afrikanesch Nimm ginn. Him selwer ass den Asteroid (2193) Jackson gewidmet. Ënner sengen Entdeckunge waren awer och dräi Koméiten, dorënner zwéi periodescher (58P/Jackson-Neujmin a 47P/Ashbrook-Jackson), déi och haut nach observéiert kënne ginn. Vun 1935 bis 1936 war de Cyril V. Jackson President vun der South African Astronomy Association.

Mat Ausnam vum Koméit 47P/Ashbrook-Jackson, deen de Jackson 1948 zoufälleg wärend engem Beliichtungstest vun enger neier Kamera opgeholl huet, datéiere all seng Entdeckungen op d'Zäit virum Zweete Weltkrich. Nom Ausbroch vum Krich schafft den Jackson an der Union Defence Force an Nordafrika an Italien. No Krichsenn koum hien nees op Johannesburg zeréck, wou hien Direkter vun der Yale-Columbia Southern Station (virdrun: Yale Observatory) ginn ass.

D'Observatiounsbedingungen hu sech ëmmer méi duerch vill Liichtquellen (Vergréisserung vun der Stad) verschlechtert, soudatt d'Teleskop ofgebaut ginn ass an an Australien op de Mount Stromlo Observatoire zu Canberra bruecht gouf.

Seng lescht dräi Joer virun der Pensioun war den Jackson 19631966 Direkter um Southern Observatory an Argentinien.

Schonn an de fofzeger Joren hat den Jackson eng Farm a Südafrika kaaft, wou hie säi privaten Observatoire gebaut hat. Dohin huet hie sech no sengem Beruffsliewen zeréckgezunn.

De Cyril V. Jackson ass am Februar 1988 zu Pietermaritzburg gestuerwen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie