D'Éislek nei entdecken

Vu Wikipedia

D'Éislek nei entdecken ass e Wanderguide fir d'Regioun Éislek, deen 30 Autopedestre mat Restaurante kombinéiert.

Fir all Circuit gi follgend Informatiounen op zwou Säiten ugebueden:

  • op der lénkser Säit: Wanderkaart, Weebeschreiwung, Markéierung, QR-Code, Fotoen;
  • op der rietser Säit: D'Beschreiwung vun engem Restaurant, deen um Wee oder an der Noperschaft läit; ee Rezept vun enger Spezialitéit vum Haus; Fotoen.

De Guide gouf am Joer 2014 vun der Mini-Entreprise Iessen a Goen erstallt, déi vun Troisièmes-Schüler aus verschiddene Sektioune vum Dikrecher Lycée am Kader vun den Optioune gegrënnt gouf. De Guide kann iwwer d'Internetsäit vun Iessen a Goen bestallt ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 2014. D'Éislek nei entdecken. 30 randonnées culinaires dans le nord du Pays. 68 S. Oplo: 1000. 12,50 €. Lycée classique de Diekirch, Jonk Entrepreneuren Luxembourg asbl. (fr)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]