D'Schatzritter an d'Geheimnis vum Melusina

Vu Wikipedia
D'Schatzritter an d'Geheimnis vum Melusina
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Däitschland
Produktiounsjoer 2012
Première 30. August 2012
Dauer ~90
Faarf Faarweg
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Laura Schroeder
Dréibuch Martin Dolejs
Stefan Schaller
Oliver Kahl
Eileen Byrne
Fotografie Peter von Haller
Schnëtt Uta Schmidt
Produzent Lucil Film
Schauspiller
Anton Glas als Jeff
Lana Welter als Julia
Thierry Koob als Leo
Tun Schon als Killer
Alexandra Neldel als Melanie
Clemens Schick als Duc de Barry
Luc Feit als Michael
Vicky Krieps als Marie
Jean-François Wolff als Thüring
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

D'Schatzritter an d'Geheimnis vum Melusina ass e Film vun der lëtzebuergescher Regisseurin Laura Schroeder, deen am Summer 2011 gedréint gouf. D'Première war de 4. Juli 2012 am Kino Utopolis um Kierchbierg, zwéin Deeg drop koum en an d'Kinoen.[1]

An Däitschland, wou en an enger däitschsproocheger Versioun gelaf ass, hat de Film den 30. August Première.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Jeff lieft mat sengem Papp op engem Camping um Fouss vun enger Buerg, déi dem Jeff sengem Papp gehéiert. Dee steet kuerz virdrun d'Buerg missen ze verkafen, dees, se géife séier Suen opdreiwen.

De Jeff huet keng Kolleege bei sech am Duerf, mä an der Summervakanz kommen dräi aner Kanner, de "Killer", de Leo an deem seng Schwëster, d'Julia op de Camping. Enges Daags fënnt de Jeff eraus, datt et dee legendäre Schatz vum Melusina wierklech gëtt. Wann en dee géif fannen, kéinte se d'Buerg halen. Zesumme mat deenen Dräi mécht e sech op eng abenteuerlech Schatzsich. Well si sinn net déi eenzeg, déi dee Schatz fanne wëllen...

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Film gouf ë. a. an engem Studio zu München an an den natierlechen Dekore vun der Stater Kathedral, de Kasematten, zu Esch-Sauer, zu Altwis, op der Branebuerger Buerg, an der Halsbech bei Bäerdref a bei der grousser Saarschleef gedréit.

E gouf vum Lëtzebuerger Filmfong ënnerstëtzt. Zu Lëtzebuerg hat de Film am Joer 2012 11.300 Spectateuren an de Kino gelackelt[2]

En ass am Hierscht 2012 op DVD erauskomm.

Dréiplazen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Trailer: Luxemburger “Schatzritter” sind startklar." wort.lu, 25.05.12 08:14
  2. Pressecommuniqué vun der F.L.E.C, 2013-01-10.