D'Wäschfra (2010)

Vu Wikipedia

D'Wäschfra war eng lëtzebuergesch satiresch Wochenzeitung, déi tëscht dem 5. Februar 2010 an dem Mäerz 2013 erauskoum. Editeur war de Groupe de presse Nicolas.

Den Titel war eng Referenz op eng satiresch Zeitung mam selwechten Numm, déi am 19. Joerhonnert zu Lëtzebuerg e grousse Succès hat.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: D'Wäschfra (1868).

Nodeem se ufanks eemol d'Woch erauskoum, ass hir Periodicitéit am Mee 2010 op all zwou Wochen an zanter dem September 2010 op eemol am Mount erofgaangen. Zanter Mäerz 2013 ass keng nei Nummer méi erauskomm.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archiv vun der Wäschfra Archivéiert op 2012-01-19. Gekuckt de(n) 2011-07-31.