Däischter Zäitalteren

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geometresch Vas ëm 750, nom Enn vun den Däischteren Zäitalteren.

An der moderner Historiographie sinn d'Däischter Zäitalteren (Dark Ages nom Ausdrock vun der englescher Historiographie) am antike Griicheland d'Epoch vum 12. bis 8. Joerhonnert v. Chr.

D'Invasiounen, déi zu der Zerstéierung vun der mykenescher Kultur gefouert hunn, markéieren den Ufank vun dëser Period. Dat Submykenescht fängt ëm 1200 av. J.-C. un a geet bis 1015. Duerno koum d'Proto-geometrescht Zäitalter wat domat opgehalen huet, datt Athen sech als kulturelle Foyer ëm 875 etabléiert huet, wat duerch de Succès vun enger neier Form vu Keramik, déi geometresch genannt gëtt, komm ass, an dem Ufank vum Zäitalter vun de Poleis.

E griichescht Mëttelalter ?[änneren | Quelltext änneren]

D'Expressioun "Däischter Zäitalteren" gouf duerch d'Bicher The Dark Age (1971) vum Anthony Snodgrass an The Greek Dark Ages (1972) vum R. A. Desborough populariséiert. Zu dëser Zäit huet d'Enn vum 13. Joerhonnert wéi e komplette Stuerz vun der mykenescher Kultur ausgesinn, a gouf sougouer "d'Katastroph" genannt. D'8. Joerhonnert dogéint huet wéi eng richteg Renaissance a Griicheland ausgesinn. Dem Desborough no hu sech d'Däischter Zäitalteren duerch grouss Invasiounen erkläre gelooss. De Snodgrass war e bësse méi virsiichteg. Allenzwee ware si sech awer eens, en apokalypteschen Tableau vun der Period ze molen : dramatesche Stuerz vun der Demographie, d'Schrëft souwéi architektonesch Technike si verluer gaangen, d'Leit waren aarm asw.

Déi grouss mykenesch Palaise si Bränn zu Mykene, Tiryns, Pylos an Theben zum Affer gefall. Ausser op Kreta goufe keng grouss Konstruktiounen aus Steen ënnerholl. Déi grouss Massegriewer goufen duerch individuell Griewer ersat, oder d'Leit goufe verbrannt. D'Aarbecht mam Bronze huet opgehalen, well et keng Kontakter méi no bausse gouf, fir Koffer an Zënn z'importéieren. Eenzeg d'Keramik ass als materiell Spur vun der Kultur vun dëser Zäit iwwreg bliwwen. D'Linearschrëft B ass ausser op Zypern komplett verschwonnen. Grouss Regioune wéi Lakonien a Messenien goufe verlooss. Verschidde Vëlker hunn opgehalen, op hire Felder ze schaffen, an nëmmen nach Déiere geziicht.

Nei Historiographie[änneren | Quelltext änneren]

Zanter der Zäit vu Snodgrass an Desborough weise sech d'Historiker allerdéngs méi virsichteg wat en Tableau vun engem Zäitalter ugeet, deen un d'negativt Bild vum Mëttelalter erënnert.

D'rezent Archeologie huet méi opmierksam d'Site vun den Däischteren Zäitalteren ënner d'Lupp geholl. D'Stratographie huet eng wichteg Plaz am Buedem an an de Strukture vun de Gebaier ageholl, a sou konnte Spure vun Tempele fonnt ginn. Et gouf och op Plaze gegruewen, déi net direkt nieft de grousse mykenesche Palaise louchen, an iwwer déi souguer fir d'achaiesch Ära net vill bekannt war. Et goufen sou och wichteg Siten entdeckt. Op éischter Plaz steet do den Herôon vu Lefkandi, an Euböa. Dat war e grousst Gebai aus Steen mat Kolonnen aus Holz, dat iwwer 40 Meter laang war, a war d'Graf vun engem räiche Mann, deen no de Rite begruewe gi war, wéi den Homer se beschriwwen huet. Dat Graf gëtt op d'10. Joerhonnert geschat. Ronderëm den Herôon war e ganze Kierfecht, mat schéin dekoréierte Griewer. Aner Site si Kalapodi, Assiros Toumba a Makedonien an Nichoria a Messenien.

D'Ethnographie huet versicht, d'Evolutioune vun der griichescher Gesellschaft duerch Vergläicher mat anere bekannte Gesellschaften z'erklären. D'Schofhirten aus Epirus goufen eals Modell fir d'Enn vun der Period benotzt. D'hierarchesch Struktur vun de Melanesianer gouf benotzt, fir d'Muechtrelatiounen aus den Texter vum Homer z'ënnersichen. D'Archeologie muss heifir allerdéngs nach zum Deel d'Beweiser bréngen.

Athen ass e besonnescht Beispill. Der griichescher Mythologie no huet Athen net ënner der post-mykenescher Regressioun gelidden, well sech hei d'Neleiden zréckgezunn hunn, d'Nokomme vum Neleus, déi aus Pylos verdriwwe goufen. Athen huet seng Agrikultur a seng artistesch Aktivitéit behalen, besonnesch duerch d'proto-geometresch Keramik.

Hautdesdaags ginn d'"Däischter Zäitalteren" éischter als eng Period vu Changementer ugesinn, an net als kompletten Niddergang. Nei Kulten, nei rutuell Praktiken (virun allem bei de Begriefnisritualer) sinn opkomm. Et schéngt och net méi, wéi wann d'Polis op eemol am 8. Joerhonnert opgedaucht wir, si ass scho filigran an den homereschen Texter ze fannen.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Vincent R. D'Arba Desborough, The Greek Dark Ages, Palgrave Macmillan, 1972.
  • Claude Mossé, La Grèce archaïque d'Homère à Eschyle, Éd. du Seuil, Paräis, 1990. (ISBN 2-02-006944-X)
  • Annie Schnapp-Gourbeillon, "Ces âges qu'on disait obscurs…" in: La Méditerranée d'Homère, de la guerre de Troie au retour d'Ulysse, Les collections de L'Histoire, N° 24, 2004.
  • Anthony M. Snodgrass, The Dark Age of Greece: An Archaeological Survey of the Eleventh to the Eight Centuries BC, Routledge, 2001. (ISBN 0-415-93636-5)
  • James Whitley, Style and Society in Dark Age Greece: The Changing Face of a Pre-Literate Society 1100-700 BC, Cambridge University Press, 2003. (ISBN 0-521-54585-4)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Discobolus icon.png Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antikitéit.