Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark

Vu Wikipedia

Den Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark ass en Naturpark iwwer d'Grenzen ewech. Dëse baséiert op engem Staatsvertrag tëscht dem däitsche Bundesland Rheinland-Pfalz a Lëtzebuerg, deen de 17. Abrëll 1964 zu Klierf ënnerschriwwe gouf a Lëtzebuergersäits duerch Gesetz vum 29. Juni 1965 unerkannt gouf.[1] Et war deemools deen éischte grenziwwerschreidenden Naturpark a Westeuropa.

Den Naturpark huet eng Fläch vu 789 km², dovu leien der eng 350 km² a Lëtzebuerg a 440 km² a Rheinland-Pfalz. Deeler vun der Äifel a vum Éislek op béide Säite vun der Sauer an der Our gehéieren dozou. Nërdlech stéisst en un den Däitsch-Belsche Naturpark Héicht Venn-Äifel.

1990 sinn 2 national Ënnerstrukture geschaf ginn, fir d'Verwaltung méi effikass ze maachen:

  • den Naturpark Südeifel op der däitscher Säit
  • den Naturpark Our op Lëtzebuerger Säit.

Déi national Naturparke schaffen am Kader vun INTERREG-Projeten zesummen, z. B. beim Projet Nat'OUR fir d'Our ze renaturéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 29 juin 1965 portant approbation du Traité entre le Grand-Duché de Luxembourg et le Land Rheinland-Pfalz concernant la création d'un parc naturel commun, signé à Clervaux, le 17 avril 1964, publizéiert am Mémorial A Nr 41 vum 16 Juli 1965, S. 711