Däitsch Bréck zu Visé

Vu Wikipedia
Däitsch Bréck

Déi Däitsch Bréck zu Visé, (Pont des Allemands), ass eng Eisebunnsbréck iwwer d'Meuse bei Visé déi am Éischte Weltkrich vun der däitscher Arméi mat haaptsächlech russesche Gefaange gebaut gouf, fir de Ravitaillement vun den däitschen Arméien op der Front ofzesécheren.

Si ass awer eréischt 1918 a Betrib geholl ginn. Iwwer si leeft d'Infrabel-Linn 24 déi eng Fortsetzung vun der däitscher Kanounestréck war, an duerno eng wichteg Linn fir de Kocktransport vum Ruhrgebitt an d'Belsch war.

Et ass eng gemëschte Bréck mat dräi Felder a Cantilever- oder Ausleeërbauweis mat Fachwierkdunnen, déi aner Felder bestinn aus einfache Fachwierkdunnen.

Däitsch Bréck vu Visé, déi 3 éischt Felder a Cantileverbauweis

Den Tablier besteet och aus Fachwierkträger.

Si huet eng Totallängt vu 530 m an d'Haaptdrowäit ass 93 m um Mëttelste vun den dräi éischte Felder vun der rietser Säit aus gekuckt.

2017 goufen d'Bréckendunne ganz ogerappt a praktesch identesch nees mat neien opgeriicht, mam Ënnerscheed, datt bei deem Deel dee vidrun a Cantileverbauweis war, op dee Sysreem verzicht gouf. Grad wéi 1946, huet d'Firma Pieux Franki déi lo zur Grupp Willemen gehéiert d'Konstruktiounsaarbechten iwwerholl. Et gouf och e bëtongs Tablier mat agezunn sou datt d'Gleiser konnten op e Ballast geluecht ginn, wat vill manner Kaméidi fir d'Leit bedeit déi bei der Bréck wunnen.

Nopeschbrécken an aner Bauwierker[änneren | Quelltext änneren]

Praktesch direkt am Uschloss op knapps 150 Meter, um rietsen Uwänner vun der Meuse, ass Eisebunnsbréck vu Visé iwwer d'Autobunn A2, an direkt do derwidder d'Bréck iwwer d'Linn 40 an iwwer d'Uschlossgleis vun där Linn un d'Linn 24.

Um lénksen Uwänner op zweehonnertfofzeg Meter féiert d'Streck iwwer d'Bréck vum Albertkanal, an ee Kilometer duerno verschwannen d'Gleiser am Tunnel vu Wonck.

Parallel zur Bréck iwwer den Albertkanal steet d'Pipelinesbréck vu Visé. Nopeschbrécken op der Meuse si flossof d'Bréck vum Barrage vu Lixhe, a flossop d'Stroossebréck zu Visé.

Kuckt och op der selwechter Streck[änneren | Quelltext änneren]