Däiwelselter

Vu Wikipedia
Den Däiwelselter

Den Däiwelselter Deiwelselter (däitsch Teufelsaltar; franséisch Autel du diable) bei Dikrech ass e megalitheschen Ensembel, deen 1815 an e Koup gefall war an 1892 restauréiert gouf.

De 7 Meter héije Steebou ass keen Altor, wéi den Numm et suggeréiert, mä et soll sech ëm e Graf aus dem 2. Joerdausend virun eiser Zäitrechnung handelen. Den Däiwelselter ass deemno dat eelst Monument zu Dikrech.

Op der rietser Säit vun der Strooss vun Dikrech op Miedernach, kuerz nom Waasserreservoir, weist e Schëld op den Ufank vum Trëppelwee fir bis dobäi.

Nom Däiwelselter ass d'Informatiounsblat vun der Gemeng Dikrech genannt ginn: "Den Däiwelselter".

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • François Valotteau, Foni Le Brun-Ricalens a Pierre Matgen, 2008. Den Deiwelselter. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 161-166. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg.
  • Jean-Pierre Glaesener, Le monument mégalithique (en ruines) dit "Deivelselter" près Diekirch et sa réfection en 1892. V. Bück, Luxembourg 1895. Publications de la section historique de l'Institut de Luxembourg, XLIV, S. 321-336.
  • François Valotteau et Fanny Chenal, Etude anthropologique et datation radiocarbone des squelettes néolithiques découverts en 1892 au Deiwelselter de Diekirch (Grand-Duché de Luxembourg). Bull. Soc. Préhist. Luxembourgeoise 29, 2007, p. 179-188.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Däiwelselter – Biller, Videoen oder Audiodateien