Dänemark

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
DenmarkStub2.svg Dëse Geographiesartikel zu Dänemark ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


Kongeriget Danmark

Dänesche Fändel

Dänescht Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: Guds hjælp, Folkets kærlighed,
Danmarks styrke
("Dem Herrgott seng Hëllef, dem Vollek seng Léift,
Dänemark seng Stäerkt")
EU location DEN.png
Offiziell Sprooch: Dänesch
Haaptstad: Kopenhagen
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
 • Kinnigin: Margarethe II.
 • Premierminister: Helle Thorning-Schmidt
Fläch: 43 098 [1] km²
 • Dovu Waasser: 1,6 %
Bevëlkerung: 5 447 084 [1]
 • Bevëlkerungsdicht: 126,4/km²
Nationalhymn: Der er et yndigt Land
(Lauschteren)
Währung: Dänesch Kroun (DKK)
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .dk
Internationalen
Telefonsprefix
:
+45
Dänemark Kaart cia.png

Dänemark (dänesch: Danmark) ass e Staat a Skandinavien, am Norde vun Europa.

Nieft dem eegentlechem Staatsgebitt sinn och d'bannepolitesch autonom Territoirë vu Grönland an de Färöer Deel vum Kinnekräich Dänemark.

Dänemark ass zanter 1973 Member an der Europäescher Unioun.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Dänemark huet eng Fläch vu ronn 43 000 km². Gutt zwee Drëttel dovu gehéieren zu der Hallefinsel Jylland (Jütland). Jylland grenzt am Süden un Däitschland. Et ass déi eenzeg dänesch Staatsgrenz déi um Festland gezu gëtt. Dänemark ass flaach, den héchste Punkt läit just 173m iwwer dem Mieresspigel.

Satelittefoto vun Dänemark

De Rescht vum Land verdeelt sech op eng sëllechen Inselen: 1419 mat enger Fläch vun iwwer 100 m², 443 déi iwwerhaapt en Numm kruten, an nëmme 76 Stéck déi bewunnt sinn.[2] Wéinst senge villen Inselen a senger onregelméisseger Fläch, huet dat, vis-à-vis vun de Nopeschlänner, relativ klengt Land eng iwwerméisseg laang Küst vu 7.314 Kilometer.

Bis op d'Nørrejyske Ø, nërdlech vu Jylland geleeën an zweetgréisst Insel an Dänemark, leien déi grouss, bevëlkerungsdicht Inselen ëstlech vun der Hallefinsel. De Klenge Belt, e Mieresschloff deen nëmmen 800m bis 28 km an der Breet huet, trennt d'Festland vun der Insel Fyn (Fünen). Ëstlech vu Fyn läit Sjælland ("Séiland"), déi mat 7.031 km² gréisst Insel. D'Storebælt-Bréck verbënnt Fyn iwwer de Grousse Belt ewech mam westleche Sjælland. Ganz am Oste vun der Insel läit d'Haaptstad Kopenhagen, nëmmen e puer Kilometer vum schwedesche Malmö ewech. Kopenhagen a Malmö sinn iwwer eng zweet grouss Bréck, d'Öresund-Bréck matenee verbonnen. Nieft de Brécke sinn all d'Inselen an d'schwedescht Festland mat der Fär z'erreechen.

D'Baltescht Mier kënnt nëmmen iwwer den Öresund, de klengen an de grousse Belt mam Nordmier zesummen. Déi dräi schmuel Mieresstroosse ginn nërdlech vu Fyn a Sjælland an de Kattegat iwwer deen da selwer op der Héicht vu Skagen mam Skagerrak, engem Niewenaarm vum Nordmier verbonnen ass. De Kattegat gëtt zum dacksten nach zum Baltesche Mier gerechent.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

An Dänemark hunn den 1. Januar 2007 5.447.084 Leit gewunnt.[1] De Prozentsaz vun Immigranten an hiren Nokommen ass a Relatioun zu anere westeuropäesche Länner relativ kleng: 477 700 Leit respektiv 8,7 % am Total, 6,6 % dovun Immigranten aus éischter Generatioun (2007). D'dänesch Gesellschaft ass deemno éischter homogen. Méi wéi d'Hallschent vun den Immigrante kommen aus europäesche Länner.

Déi gréisst Minoritéiete sinn déi aus der Tierkei, Däitschland an dem Irak. Grouss Gruppe kommen och aus Norwegen, Schweden, dem Libanon, Bosnien an Herzegowina, Pakistan, Iran a Somalia.

Bevëlkerungszuel an Dänemark tëscht 1961-2003 (x1000). Dällt an den 1980er Joer

Nieft de ronn 14.000 Schweden déi all Dag iwwer d'Grenz schaffe fueren, ass och d'Zuel vun däitsche Frontalierë, staark am Klammen (2007 waren et der eng 12.000).[3]

2007 hunn iwwer 18 000 Grönlänner an Dänemark gewunnt, déi meescht dovu sinn der mat vill Schoul oder enger Léier.[4]

D'Entwécklung vun der Bevëlkerungszuel ass zanter der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert positiv gewiescht. Et gëtt zwou Ursaachen dofir: d'Zuel vun den Immigranten ass konstant an d'Luucht gaangen an et goufe bal all Joer méi Leit gebuer wéi der gestuerwe sinn. Eng Ausnam: Uganks der 1980er sinn immens wéineg Kanner op d'Welt komm. D'Gebuertenziffer war sou niddereg, datt d'Totalpopulatioun bis 1984 réckleefeg war.

D'Dänen haten op den 1. Januar 2007 an der Moyenne 39,9 Joer. D'Liewenserwaardung louch 2006 bei 80 Joer fir d'Fraleit, respektiv 76 Joer bei de Maansleit. De Fertilitéitstaux war 2006 bei 1,85 Gebuerte/Fra. Dat ass ee vun den héchsten an der Europa, d'EU-Moyenne fir datselwecht Joer louch bei 1,49.

Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

D'Offiziell Sprooch an Dänemark ass Dänesch. Dänesch gehéiert zu der nordgermanescher, respektiv skandinavescher Sproochefamill.

Däitsch ass als Minoritéitssprooch unerkannt a gëtt virop an der Grenzregioun zu Däitschland, am Sønderjylland (Nordschleswig op Däitsch), geschwat.[5]

Op de Färöer huet och Färöesch -nieft dem Däneschen- offizielle Status. Datselwecht gëllt fir Grönlännesch a Grönland.

Englesch ass déi wichtegst Friemsprooch. Däitsch ass fir d'Majoritéit vun de Schoulkanner den éischte Choix wa se eng zweet Friemsprooch léiere wëllen.

Reliounen[änneren | Quelltext änneren]

Dänemark gouf ëm 965 christianiséiert. D'engevangelesch-lutheranesch Staatskierch, déi sougenannt Folkekirke (Vollekskierch) ass no der Reformatioun, 1536 gegrënnt ginn. 2006 waren 83 % vun den Däne Member vun der Kierch.[6] D'Dänesch Kinnigin, respektiv de Kinnek huet vum Gesetz hier an der Folkekirke ze sinn. D'Kierch gëtt vun engem eegene Kiercheministère geréiert. Déi zweetgréisst Relioun am Land ass den Islam. Ronn 3,3 % vun der Populatioun si Muslimen.

All aner reliéis Communitéite si butzeg kleng am Verglach (35.000 oder 0,6 % Katholiken; Bistum Kopenhagen) a spille sou gutt wéi keng Roll am reliéise Liewe vun den Dänen. De Prozentsaz vun deenen déi sech zu kengem Glawe bekenne läit bei 13,1 %.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Dänemark ass eng parlementaresch-demokratesch Monarchie. Staatschef ass d'Kinnigin oder de Kinnek an huet, wéi an anere konstitutionelle Monarchien och, haaptsächlech représentativ Funktiounen. Zanter 1953 huet de legislative Pouvoir nëmme méi eng Kummer. D'dänescht Parlament de Folketing, huet 179 Deputéiert. Ënner hinne sinn och 2 Deputéiert aus Grönland an 2 Deputéiert vun de Färöer Inselen. D'Parlament gëtt all véier Joer gewielt.

Parteipolitesch gouf Dänemark am 20. Joerhonnert vun de Sozialdemokraten dominéiert. D'Wale vun 2001 waren deemno e Tournant an der politescher Geschicht vum Land. D'Rietsliberal Partei (Venstre) an d'Konservativ Vollekspartei (Dansk Folkeparti) waren d'kloer Gewënner an hu sech ënner der Regie vum Premier Anders Fogh Rasmussen an enger Koaltiounsregierung zesummegdou.

Et war dëst och déi éischt Kéier zanter 1920, datt d'Sozialdemokrate net stäerkst Partei am Parlament gi waren. D'Riets Regierungsparteie goufen an de Wale 2007 bestätegt.

De 5. Abrëll 2009 huet de Lars Løkke Rasmussen den Ander Fogh Rasmussen als Premier ofgeléist, well dësen zum Generalsekretär vun der NATO ernannt gi war.

D'Parteien déi am Parlament vertruede sinn (Folketingwal vum 13. November 2007) :

Partei Sëtzer
D'Liberal Partei (Venstre) 46
D'Sozialdemokratesch Partei (Socialdemokratiet) 45
D'Dänesch Vollekspartei (Dansk Folkeparti) 25
D'Sozialistesch Vollekspartei (Socialistisk Folkeparti) 23
D'Konservativ Vollekspartei (Det Konservative Folkeparti) 18
D'Sozialliberal Partei (Det Radikale Venstre) 9
D'Nei Allianz (Ny Alliance) 5
D'Eenheetsllëscht (Enhedslisten) 4

Administrativ Ënnerdeelungen[änneren | Quelltext änneren]

Dänesch Regiounen

Mat der Strukturreform vum 1. Januar 2007 gouf d'Land a 5 grouss Regiounen agedeelt: d'Regioun Hovedstaden (Haaptstad Kopenhagen), Sjælland, Syddanmark, Midtjylland an Nordjylland. Nieft de Regiounen, déi d'Ënnerdeelung an 13 Ämter ersat huet, gouf och d'Zuel vun de Gemenge vu fréier 270 op haut 98 reduzéiert (Fusiounen).

D'Färöer Inselen a Grönland sinn Deel vum Kinnekräich Dänemark, hunn awer jeeweils grouss bannepolitesch Fräiheeten an domat och hir eege Verwaltungen. Baussepolitesch ass d'Autonomie vun den Territoire méi limitéiert. Nawell konnten d'Färöer an d'Grönnlänner duerchsetzen datt hir Inselen haut net zu der Europäescher Unioun gehéieren. D'Färöer hate sech vun Ufank un -1973, d'Joer an deem Dänemark bäigetrueden ass- géint d'Unioun decidéiert. Grönland ass uganks nach automatesch dobäi gewiescht, huet sech dunn awer 1985 an engem Referendum fir den Austrëtt entscheet.

Béid Territoiren sinn iwwer d'Kinnekräich mat eegene Vertrieder am Nordesche Rot representéiert.

Wichteg dänesch Stied sinn: d'Haaptstad Kopenhagen, Århus, Aalborg, Odense, Roskilde.

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Stand: 1. Januar 2007. Source: Statistical Yearbook 2007 op dst.dk
  2. Landet i tal - Største øer. Site vum dänesche Kadaster (2008) (dk)
  3. D'Zuel vun däitsche Frontalieren huet sech vun 2004-2007 verféierfacht (Jyllands-Posten, Oktober 2007) (dk)
  4. Dat sinn der verhälnesméisseg vill, Grönland selwer huet nëmmen 58 000 Awunner (2007)
    Source: DR Nyheder, Juni 20007 (dk)
  5. Europäisches Büro für Sprachminderheiten/Komitee für Dänemark (MSC-DK)
  6. Source: Kiercheministère, 2005 (dk)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dänemark – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]