Dänzerin déi sech ronderëm sech selwer dréint

Vu Wikipedia
De lëtzebuergesche Begrëff fir dëst Lemma ass eng Kreatioun vun engem Wikipedia-Auteur. En ass senges Wëssens bis ewell soss néierens nogewise ginn. Wier dat dach de Fall, soll dës Schabloun ewechgemaach an d'Quell ugi ginn. Wann a Fachkreesser en aneren Numm existéiere géif, sollt den Artikel natierlech deementspriechend geännert ginn.
Grondsätzlech ass et net un der Wikipedia, Konzepter z'erfannen. Allerdéngs wier hei d'Alternativ gewiescht, datt et soss guer keen Artikel iwwer dëse Sujet géif.
A wat fir eng Richtung dréint se?

D'Dänzerin déi ronderëm sech selwer dréint (en: Spinning dancer) ass eng animéiert bistabil Kippfigur, deemno eng optesch Täuschung, déi anscheinend eng Fraesilhouette weist, déi eng Pirouette dréint. Tatsächlech huet dës Animatioun keng Indikatioun iwwer eng dräidimensional Déift, soudatt deen, dee se kuckt, jee nodeem, den Androck huet, se géif no riets oder no lénks dréinen.

Dës Animatioun gouf vum Webdesigner Nobuyuki Kayahara entworf.[1]

Duerch en Artikel am australeschen Daily Telegraph[2] huet sech dës Animatioun ëm 2007/2008 am Internet verbreet, woubäi dacks als Explikatioun matgereecht gouf, et wier e psychologeschen Test[3] dee sollt 'beweisen', jee nodeem, wat fir eng Dréirichtung een z'erkenne menge géif, wat fir eng Gehierhallschent déi méi dominant wier.

D'Dänzerin fält an déi selwecht Kategorie vun opteschen Täuschunge wéi den Necker-Wierfel.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Spinning Dancer illusion – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dem Nobuyuki Kayahara seng Websäit.
  2. www.dailytelegraph.com.au/news/wacky/the-right-brain-vs-left-brain/story-e6frev20-1111114577583
  3. Steven Novella, MD im NeuroLogica Blog: Left Brain – Right brain and the Spinning Girl