Därendäiwel

Vu Wikipedia
Därendäiwel
En Därendäiwel

En Därendäiwel
En Därendäiwel
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Reptiller
Uerdnung: Schuppereptiller
Ënneruerdnung: Echsen
Famill: Agamen
Gattung: Moloch
Aart: Därendäiwel
Wëssenschaftlechen Numm
Moloch horridus
Gray, 1841


En Därendäiwel oder Wüstendäiwel ass eng Reptillenaart aus der Famill vun den Agamen a lieft an Australien.

Därendäiwele kommen haaptsächlech am Westen, am Süden an am Zentrum vun Australien vir an dat an dréchene Wüsten, Steppen a Savannen.

Si gi bis zu 20 cm grouss. D'Männercher sinn am Allgemengen e bësse méi kleng wéi d'Weibercher. En Därendäiwel ka bis zu 18 Joer al ginn. Hire Kierper ass haaptsächlech hellbrong bis gielzeg mat routbronge Musteren. Ausserdeem stinn iwwerall Dären eraus, souguer um Schwanz, un den Extremitéiten an iwwer all An een. D'Dären déngen als Tarnung a fir d'Feinden ofzeschrecken, sinn allerdéngs net gëfteg an och net geféierlech. Fir dee gliddege Sand net mam Kierper ze beréieren, sinn d'Been am Laf vun der Zäit ëmmer méi laang ginn.

Därendäiwele liewen a klenge Gruppen zesummen. Si erniere sech vun Termiten a Seechomessen.

Därendäiwele si vum Ausstierwe bedreet a stinn ënner Aarteschutz.