Déck Bertha

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Modell vun der Décker Bertha (M-Ausféierung)
D'Déck Bertha (Gamma-Modell op Schinnen)

Déi Déck Bertha (de: "Dicke Berta") war eng Haubitz (Kanoun), déi fir d'éischt am Éischte Weltkrich agesat gouf, an deemools zu den originellsten a bekanntste Waffe gezielt gouf.

Et war en 42-cm-Mortier dee vum Rëschtungskonzern Krupp entwéckelt a gebaut gouf. Hie sollt géint Festungen agesat ginn. Am Éischte Weltkrich huet sech awer erausgestallt, datt déi modernst a stäerkst Festungen aus Stolbëtong de grousskalibrege Granaten déi deemools am Gebrauch waren, d'Stier géife bidden, och wa méi al Konstruktiounen net duergehalen hunn.

Den 9. an 12. August 1914 goufen déi éischt Exemplairë vun der Décker Bertha vu Krupp ausgeliwwert.

Varianten[änneren | Quelltext änneren]

Et goufen zwou Variante gebaut, vun deenen 1914 déi follgend prett stoungen:

  • De Gamma-Modell op Schinnen (och: Kuerz Marinn-Kanoun 14 L/16“), (fënnef Stéck), an
  • D'M-Gerät ("M" fir Minnewerfer, och wann et eigentlech e Mortier war (zwee Stéck).

Kennzeeche vum Mortier M 420 mm[änneren | Quelltext änneren]

  • Offiziellen Numm: Kuerz Marinn-Kanoun 14, M-Modell
  • Vollekstëmlech Bezeechnung: Déck Bertha,
  • Typ: Schwéiere Mortier
  • Kaliber: 420 mm
  • Längt vum Rouer: 5 m
  • Max. Distanz: 9 300 m (12 500 m beim Gamma-Modell)
  • Gewiicht: 42,6 Tonnen (dovun 13,4 t fir de Rouer)
  • Transportgewiicht (5 Bestanddeeler, gezu vu mobillen Zuchmaschinnen): 89 Tonnen
  • Gewiicht vun enger Granat: 800 kg (dovun 100 bis 140 kg Explosiounsmass)
  • Initialvitesse vum Geschoss: 333 m/s
  • Zuel vun Ofschëss: 10 an der Stonn
  • Zuel vun Exemplairen, déi am Ganze produzéiert goufen: 12.

Asaz am Éischte Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Déi déck Bertha (Typ M: liicht Versioun) gouf fir d'éischt den 12. August 1914 bei der Belagerung vu Léck géint de Fort de Pontisse gebraucht. De 15. August gouf de Fort de Loncin mat der décker Bertha bombardéiert, woubäi de Polfermagaseng am Fort explodéiert ass. De 16. August haten déi 12 Forte rondrëm Léck sech erginn. Nëmmen dräi vun hinnen (Pontisse, Fléron a Loncin), waren engem Ugrëff duerch d'Déck Bertha ausgesat. D'Berthaen (vum Typ M a Gamma) hunn d'Festunge vun Namouer, Maubeuge an Antwerpen zerstéiert an och déi russesch Linne bei der Donau ugegraff. Dogéint hunn d'Bertha-Kanoune bei Verdun bewisen, datt hiren Erfolleg Limitten hätt. Am Zesummenhang mat der Berüümtheet vun der Décker Bertha gëtt et awer och Confusiounen, well iertemlech ugeholl gëtt, si wiere benotzt gi fir Paräis ze bombardéieren. Dat war awer net de Fall, well et do eng Verwiesslung mat de Paräisser Kanoune gëtt, déi deemools Paräis bombardéiert hunn[1]

Asaz am Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst dem Traité vu Versailles hunn d'Kanounen nom Enn vum Éischte Weltkrich zerstéiert oder den Alliéierten missen ausgeliwwert ginn. Eng eenzeg Kanoun, déi nach um Versuchsterrain vu Krupp war, ass awer iwwersi ginn. Si gouf erëm 1939 vum Heer iwwerholl an am Zweete Weltkrich agesat. Den éischten Asaz war de 7. Juni 1942 bei der Belagerung vun der Festung Sewastopol. 1943 gouf se géint den Opstand am Warschauer Ghetto agesat. Wat duerno mat hir geschitt ass, bleift onklor. Et gëtt ugeholl, datt se vun der Sowjetarméi gesprengt gouf.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Berchtold/Krobatin "Briefwechsel vom November 1914 über die Verwendung der öst.ung. Motorbatterien in Belgien" Éisträichescht Staatsarchiv
  • Gerhard Taube: Die schwersten Steilfeuer–Geschütze 1914 - 1945. Geheimwaffen 'Dicke Berta' und 'Karl', Motorbuch-Verlag, ISBN 3-87943-811-0
  • Axel Turra: Dicke BerthaEin 42-cm-Steilfeuergeschütz wird zur Legende, Podzun-Pallas Verlag, ISBN 3-79090-753-7

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dës Renseignementer stamen aus der franséischer Wikipedia
  2. Dës Ausleeung baséiert op der däitscher Wikipedia:http://de.wikipedia.org/wiki/Dicke_Bertha

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Déck Bertha – Biller, Videoen oder Audiodateien