Déi Konservativ

Vu Wikipedia
Déi Konservativ - d'Fräiheetspartei
Nationalpresident Joe Thein
Vizepresidentin Sandra Schwachtgen
Generalsekretärin Pierrette Heintz
Generalkeessjee Patrick Thein
Gegrënnt 21. Mäerz 2017
Parteizentral 3, op de Gehren
L-4888 Rolleng
Jugendorganisatioun Jonk Konservativ
Ideologien Konservatismus
Nationale Konservatismus
Ekonomesche Liberalismus
Soft-Euroskeptizismus
Politesch Positioun Riets bis Riets-extrem
Faarwen Hellblo a Schwaarz
Websäit
http://www.déikonservativ.lu/
Nationalkommitee vun déi Konservativ, de 7. Januar 2018.

Déi Konservativ - d'Fräiheetspartei oder och Déi Konservativ ass eng lëtzebuergesch politesch Partei, déi den 21. Mäerz 2017 an der Gemeng Péiteng gegrënnt gouf.[1]

De Grënnungsstatute vun der A.s.b.l. no versti sech déi Konservativ als Partei op konservativer a patriotescher Basis.[1][2] Dem Grondsazprogramm no gesäit sech d'Partei verbonne mat der politescher Philosophie vum Staatsphilosoph a Politiker Edmund Burke.[3]

President ass de fréieren ADR-Politiker Joe Thein, deen nom Ausschloss aus der ADR, seng eege Partei an d'Liewe geruff huet.[1]

Um extraordinären Nationalkongress vum 10. Abrëll 2017, goufen d'Parteistatuten an de Grondsazprogramm ugeholl, souwéi de Parteikommitee gewielt. Dobäi gouf de Joe Thein als Nationalpresident gewielt.[4] Hie gouf um Nationalkongress vum 7. Januar 2018 mat alle Stëmmen als President erëmgewielt.[2]

Bei de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017 huet d'Partei eng éischt Kéier an nëmmen an der Gemeng Péiteng kandidéiert, krut awer, mat 2,40 %, kee Sëtz.[5],[6]

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 huet d'Partei eng éischt Kéier an nëmmen am Bezierk Süde kandidéiert, krut awer, mat 0,52 %, kee Sëtz.[7]

Bei den Europawale vum 26. Mee 2019 huet d'Partei fir d'éischt landeswäit kandidéiert, krut awer, mat 0,53 % kee Sëtz.[8]

Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 krut d'Partei zu Péiteng, wou se kandidéiert huet, 1,81% vun de Stëmmen, net genuch fir e Sëtz an zu Déifferdeng 1,96%, och net genuch fir e Sëtz.[9]

Och bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 sinn 0,23 Prozent vun alle Stëmmen (8.494 Stëmmen) net fir e Sëtz duergaangen.[10].

D'Partei huet eng 100 Memberen (Stand: 7.01.2018).[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 "No ADR-Ausschloss: Joe Thein grënnt nei Partei 'Déi Konservativ'." rtl.lu, 21.03.2017, 17:41:12.
  2. 2,0 2,1 2,2 "Konservativ wëlle bei Chamber- an Europawahlen untrieden." rtl.lu, 07.01.2018.
  3. http://déikonservativ.lu/index.php/2017/03/24/grondsatzprogramm/
  4. " 'Mir sinn déi nei ADR, déi besser ADR'." rtl.lu, 12.04.2017.
  5. Archive copy Gearchiveerd op 2017-10-09. Gekuckt de(n) 2017-10-09.
  6. http://www.elections.public.lu/fr/elections-communales/2017/resultats/communes/petange.html
  7. https://elections.public.lu/fr/elections-legislatives/2018/resultats/circonscriptions/sud.html
  8. https://elections.public.lu/fr/elections-europeennes/2019/resultats.html
  9. elections.public.lu
  10. "Déi Konservativ weit abgeschlagen." wort.lu, 8.10.2023.