Déi Lénk

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Logo Parteizentral
Dei Lenk.png
Basisdonnéen
Grënnungsdatum: 30. Januar 1999
Porte-paroles: Fabienne Lentz an David Wagner
Trésorière: Thérèse Gorza
Websäit: www.lenk.lu

Déi Lénk ass den Numm vun enger politescher Gruppéierung déi den 30. Januar 1999 gegrënnt gouf. Si definéiere sech selwer als "lénks vun der Sozialdemokratie".

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht

D'Grënnungsmemberen vun déi Lénk hunn ënnert anerem aus der Neier Lénk, der Kommunistescher Partei (KPL), der Revolutionär Sozialistescher Partei (RSP), der Sozialistischer Jugend (JSL), der Sozialistescher Aarbechterpartei (LSAP) a verschiddene Gewerkschafte gestaamt. Woubei d'Memberschaft ëmmer individueller Natur war, domatt och keng Partei als solch bei déi Lénk bäitriede konnt.

Bei de Chamberwale vum 13. Juni 1999 hunn déi Lénk ee Sëtz an der Chamber kritt, a bei de Gemengewalen den 10. Oktober vum selwechte Joer, 2 Sëtzer am Escher a jeeweils een am Stater, Déifferdenger a Rëmelenger Gemengerot. Bei enger Neiwal zu Esch, den 30. Abrëll 2000 huet den André Hoffmann vun déi Lénk, déi meeschte perséinlech Stëmme vun alle Kandidate kritt. Zu Esch waren déi Lénk bis am Oktober 2005 mat der LSAP an de Gréngen am Schäfferot.

Fir d'Chamberwale vum 13. Juni 2004 huet d'KPL nees mat enger eegener Lëscht kandidéiert. Weder si nach déi Lénk hu genuch Stëmme fir e Sëtz kritt. Bei de Walen am Juni 2009 huet déi Lénk nees e Sëtz an der Chamber kritt. Den André Hoffmann huet ugekënnegt, dëst Mandat 2 Joer laang wëllen auszeüben an da säi Sëtz un de Serge Urbany ofzeginn.

Zënter dem Juli 2003 ginn déi Lénk d'Zeitung goosch.lu eraus.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Déi Lénk – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen